E Samschdegowend koum et jo no der Partie tëschent dem FC Wolz 71 an dem Progrès Nidderkuer zu gewalttätegen Ausenanersetzungen tëschent béide Clibb.

Op private Videoe war ze gesinn, datt et deelweis an eng Kläpperei ausgeaart ass. D‘Police huet mussen um Terrain intervenéieren.

E Mëttwoch huet sech den FLF-President Paul Philipp an engem Schreiwes un d'Presidente vun de Clibb geriicht. Et wier immens wichteg, an Zäiten, wou Zuele vun de Spectateure géifen erofgoen, ee gutt Bild no baussen ofzeginn.

D‘Aggressivitéit aus den eegene Reien, dacks vun den Trainerbänken aus, géif net nëmmen dozou féieren, datt dee Fonken och op eng Partie Spectateuren iwwerspréngt, mä géif och ee "katastrophaalt Bild vum Lëtzebuerger Futtball" no baussen ofginn. Jidderee misst elo säin Deel dozou bäidroen, fir z‘intervenéieren, well d‘"Credibilitéit vum Futtball a Gefor" wier.

RTL

Dem Paul Philipp säi Bréif un d'Club-Presidenten