Standard dominéiert Rëmeleng, Diddeleng ouni Problemer zu Dikrech
D’Red Boys ginn eng kloer Avance géint Esch bal nach aus der Hand. Bierchem spillt mat Käerjeng deelweis Kaz a Maus.
E Mëttwoch an en Donneschdeg goufen am nationalen Handballchampionnat vun den Hären Matcher vum 4. Spilldag gespillt.
D'Partie vum Donneschdeg
Am Duell tëscht zwou Ekippen, déi et an den Titelplayoff wëlle packen, huet Rëmeleng auswäerts eng batter Néierlag géint de Standard missten a Kaf huelen. D'Ekipp vum Yves Braconnier koum ni wierklech an de Match eran a war schonn no 1 Minutte a 47 Sekonnen an Ënnerzuel. Dës konnten d'Hausherren ausnotzen a konnte sech a 5:0-Avantage erausspillen. Den éischte Gol fir d'Rëmelenger ass an der 9. Minutt gefall. Dës Schwächt am Ugrëff sollt sech duerch déi ganz Partie zéien, och wa sech den Ecart bis zu der Paus wéineg ausgebaut huet. Beim Stand vun 12:6 fir de Standard goufen d'Säite gewiesselt.
Och no der Paus si just wéineg Goler an dëser Partie gefall, déi de Standard vun Ufank un ënner Kontroll hat a Rëmeleng ni wierklech zeréck an de Match komme gelooss huet. Éischter de Contraire, d'Ekipp vu Bouneweg huet den Ecart weider lues a lues ausgebaut a wënnt zum Schluss kloer mat 26:12 géint Rëmeleng.
An der zweeter Partie vum Donneschdeg huet Diddeleng op Dikrech misste reesen. D'Heemekipp huet bis zu der 20. Minutt gutt matgehalen, ma du konnten déi Diddelenger nach bis zu der Paus aus engem 10:9 en 19:13 maachen. Dikrech ass et net gelongen, sech vun dëse schlechten 10 Minutten z'erhuelen, esou datt Diddeleng hiren Handball weider konnte spillen an den Ecart domadder och weider ausgebaut kruten. Huet dat am Ufank nach e bësse gedauert, no 45 Minutte ware si 28:20 am Avantage, hu si an der leschter Véierelsstonn guer näischt méi ubrenne gelooss an de Sak definitiv zougemaach. Um Schluss gouf et eng kloer 43:30-Victoire fir de Favorit an dëser Partie.
D'Partie vum Mëttwoch
Den HC Bierchem huet eng 40:28-Victoire géint den HB Käerjeng gefeiert. D‘Lokalekipp konnt sech no 8 Minutte bannent kuerzer Zäit op véier Goler ofsetzen. Dat huet de Käerjenger Trainer Radojevic schonn no 11 Minutte gezwongen, den éischten Timeout ze huelen a seng Männer waakreg ze rëselen. Dat huet awer net wierklech gehollef.
Bierchem gouf ab der 18. Minutt ze haseleg virum Gol, wat dozou gefouert huet, dass d’Réiserbänner wärend 5 Minutte kee Gol markéiert hunn. Käerjeng konnt sech doduerch nees e bëssen erukämpfen, mee dat war just vu kuerzer Dauer. Duerno huet sech d’Ekipp vum Trainer Stupar nees gefaangen an ass bis zur Paus op 19:9 dervugezunn, woumat de Match schonn decidéiert war. Och e staarke Scott Meyers am Gol huet dozou bäigedroen, Käerjeng an der éischter Hallschent bei 9 Goler ze halen.
Déi zweet 30 Minutte ware méi ausgeglach, och well Bierchem mat dem séchere Virsprong am Réck net méi mat 100 à l’heure ugerannt ass. Déi jonk Käerjenger Ekipp huet sech net hänke gelooss an hat am jonken Noah Huberty (5 Goler) hire beschte Buteur. Fir Käerjeng ass et déi zweet héich Néierlag géint eng Toppekipp.
Déifferdeng huet eng eigentlech sécher gegleeft Victoire bal nach aus den Hänn ginn, setzt sech um Enn awer 33:30 géint Esch duerch.
Déi éischt Hallschent war bis zur 24. Minutt ausgeglach, éier sech Déifferdeng déi éischt Kéier mat 3 Goler ofsetze konnt. An der Paus stoung et 17:13 fir d’Ekipp vum Trainer Malesevic.
Esch huet den Ufank vun der zweeter Hallschent komplett verschlof, soudass Déifferdeng de Virpsrong ausbaue konnt. De Rekord-Coupegewënner huet laang Zäit kee Mëttel géint déi staark Defense vun de Red Boys fonnt. Wann Esch de Ball emol am Gol ënnerbrénge konnt, huet Déifferdeng direkt mat engem séiere liichte Gol geäntwert.
Duerch eng Rei kleng Nicklegkeeten op béide Säite gouf d’Avance aus Déifferdenger Siicht ëmmer méi kleng – d’Red Boys ware 7 Minutte viru Schluss 6 Goler vir. Trotzdeem huet d’Ekipp aus der Cité du Fer et verpasst, de Sak zouzemaachen. Sou koum Esch an de leschte Minutten nach eng Kéier bis op 2 Goler erun, mee d’Cleverness vun Déifferdeng war grouss genuch, fir d’Punkten doheem ze behalen.