De Gerson Rodrigues ass no senger disziplinarescher Spär nees am Kader vun der Futtballnationalekipp.

En Donneschdeg de Moien huet den Nationaltrainer Luc Holtz d'Nominatioun vum Stiermer fir déi zwee Allersmatcher géint Bulgarien a Belarus an der Nations League bekannt ginn.

Et ass eng weider Episod aus der Serie “Gerson Rodrigues”. An engem Gespréich mam Stiermer huet den Nationaltrainer de Fitnesszoustand vum Stiermer wärend deene leschte Lännermatcher kritiséiert. De Rekordbutteur vun der Nationalekipp kënnt bei sengem Veräin Haliao momentan net zum Asaz. Donieft gouf och dat disziplinarescht Feelverhalen thematiséiert.

Luc Holtz erkläert: "Ech hunn him e klore Message ginn, datt et ee Grupp gëtt, deen et ze respektéiere gëllt. Och hie muss sech do un d'Reegelen halen, déi et am Grupp ginn, well soss iergendwann gëtt et ze vill eng grousst Laascht. Dofir hat ech hie sanktionéiert. Dat wëll jo awer net heeschen, datt dat fir ëmmer sou ass. Ech hunn ee Grupp vu 25 Spiller selektionéiert, wou ech denken, datt d'Méiglechkeet fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp am gréissten ass, datt mer kënne Punkten huelen."

Och den Alessio Curci, Chris Philipps, Marvin Martins a Seid Korac kënne sech iwwert hire Retour freeën. De Michael Omosanya gouf no 2022 rëm fir déi éischte Kéier selektionéiert. Fir den Tomaz Moreira ass et dogéint déi éischt Selektioun iwwerhaapt. De Mëttelfeldspiller spillt an der zweeter Ekipp vun Benfica Lissabon, kann awer eréischt am zweeten Match géint Belarus spillen. E puer Deeg virdrun krit hien offiziell déi Lëtzebuerger Nationalitéit. De Lars Gerson an den Jayson Videira goufen net selektionéiert.

De Vincent Thill an den Yvandro Borges fale weiderhin blesséiert aus. Donieft awer och deen zu lescht net-selektionéierten Olivier Thill. Keng einfach Ausgankssituatioun virun zwee wichtege Matcher, well och eng Rëtsch Pilieren wéi de Christopher Martins, Leandro Barreiro, Danel Sinani an Mathias Olesen manner Spillzäit an hire Veräiner hunn:

“E Spiller, dee manner spillt, huet manner Automatismen, Sécherheet, Tempo a Prezisioun an deem, wat hie mécht. Wann dat de Fall ass, da gëtt et méi komplizéiert. Dofir musse mir eis adaptéieren. Mir musse villäicht e bëssn vun eiser Philosophie Futtball ze spillen wechgoen an eis nees éischter op d’Ëmschaltspill an de Kampf baséieren.” 

Null Punkten aus zwee Matcher an déi domat verbonne leschte Plaz an der Tabell hunn d’Rout Léiwen an der Nations League virzeweisen. D’FLF-Selektioun steet mam Réck zur Mauer a muss souwuel ewéi och nieft dem Terrain eng Reaktioun weisen. Ob der Ekipp vum Luc Holtz dat geléngt, gi mir den 12. a 15. Oktober gewuer.