Am Sträit ëm d'Transfertreegele fir Futtballspiller gouf et eng schwéier Néierlag fir de Futtball-Weltverband virum Europäesche Geriichtshaff.

Den europäeschen Geriichtshaff zu Lëtzebuerg léisst en internationaalt Fussball-Biewen aus. D‘Transfertreegele vun der FIFA sinn deelweis net konform mam europäesche Recht. Fir déi international Futtballfederatioun ass dat eng Defaite beim héchsten europäesche Geriicht. D‘Riichter sinn der Meenung, datt d‘Reegele vun der FIFA, mat deene si sech befaasst hunn, dat fräit Beweege vun de Spiller an d‘Konkurréieren tëscht de Veräiner aschränkt. Wat dat fir Konsequenze fir den Transfersystem am Futtball huet, ass nach onkloer. 
 
Dat Ganzt geet op e Sträit tëscht dem franséische Futtballprofi Lassane Diarra an dem Futtball-Club Lokomotiv Moskau aus dem Joer 2014 zeréck. No just engem Joer an der russescher Haaptstad huet de fréiere franséische Nationalspiller, trotz nach engem Kontrakt iwwer e puer Joer, de Veräin verlooss. Lokomotiv huet den Diarra doropshin ugeklot, an de Spiller gouf zu enger Geldstrof vun 10 Milliounen Euro verurteelt.

Et war dee Moment esou, datt bei all neie Club, bei deem den Diarra ënnerschreiwe sollt, dee Veräin sech un där Geldstrof hätt misse bedeelegen. Doduerch ass zum Beispill e Kontrakt tëscht dem Mëttelfeldspiller an dem belsche Club Sporting Charleroi net zustane komm. Géint déi restriktiv Transfertreegelen ass den Lassane Diarra du virun e belscht Geriicht gezunn, an krut elo, no enger Rei Instanzen, virum héchsten europäesche Geriicht Recht.

De Rechtssträit ass awer elo nach net eriwwer. D'Appellsgeriicht zu Mons an der Belsch, dat den europäeschen Geriichtshaff mat dësem Fall befaasst huet, wäert elo d‘Virgabe vun de Riichter vum europäesche Geriichtshaff ausleeën.
 
Experten hunn am Virfeld schonn ugedeit, datt am Fall wou den europäeschen Geriichtshaff dëst Urteel esou géif huelen, eng gewëssen Anarchie am Transfertsystem kéint entstoen, respektiv datt et de System, wéi mir en am Futtball kennen, net méi wäert ginn. 
 
International gëtt an dësem Fall och vun engem Bosman 2.0 geschwat. 1995 hat den europäeschen Geriichtshaff duerch eng Klo vum belsche Futtballspiller Jean-Marc Bosman decidéiert, datt e Spiller um Enn vun sengem Kontrakt, bei en anere Veräin dierf wiesselen, ouni datt eng Transfer-Zomm muss fléissen.