Bayern verpasst Victoire géint Frankfurt, Barcelona wënnt souverän

Den Upamecano gläicht fir Bayern aus / © AFP
Donieft huet Juventus Turin nëmmen 1:1 géint Gagliari gläichgespillt an Tottenham huet géint Brighton verluer.
Bundesliga
Eintracht Frankfurt - Bayern München 3:3
0:1 Min-Jae Kim (15'), 1:1 Marmoush (22'), 2:1 Ekitiké (35'), 2:2 Upamecano (38'), 2:3 Olise (53'), 3:3 Marmoush (90+4')
Dräimol äiskal erwëscht an elo schonn dräimol ouni Victoire. Bayern München huet an engem turbulenten Topspill bei Eintracht Frankfurt op en Neits eng Victoire verpasst, bleift awer un der Spëtzt an der däitscher Futtball-Bundesliga.
An enger animéierter Partie hunn de Min-Jae Kim (15'), den Upamecano (38') an den Olise (53') fir déi Münchner getraff. Frankfurt huet duerch de staarke Stiermerduo Marmoush (22' / 90+4') an Ekitiké (35') dogéint gehalen an huet sech duerch dräi ganz séier Konteren nach ee Punkt géint den däitsche Rekordchampion geséchert.
Heidenheim - Leipzig 0:1
0:1 Openda (59')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Brighton - Tottenham 3:2
0:1 Johnson (23'), 0:2 Maddison (37'), 1:2 Minteh (48'), 2:2 Rutter (58'), 3:2 Welbeck (3:2)
No fënnef Victoiren noeneen huet Tottenham e Sonndeg eng Néierlag missen astiechen. D'Spurs hunn zu Brighton eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn an um Enn mat 2:3 de Kierzere gezunn. D'Seagulls vum Trainer Fabian Hürzeler hunn no der Paus opgedréint a konnte sech esou nach déi dräi Punkte sécheren.
Aston Villa - Manchester United 0:0
Chelsea - Nottingham Forest 1:1
0:1 Wood (49'), 1:1 Madueke (57')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Juventus Turin - Cagliari Calcio 1:1
1:0 Vlahovic (15'), 1:1 Marin (88', Eelefmeter)
Véier Deeg nom 3:2 zu Leipzig huet Juventus Turin an der Serie A e Réckschlag missen astiechen. Géint den Underdog Cagliari ass een net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. E Feelschoss vum Vlahovic an den éischte Géigegol an der Liga hunn zwee Punkte kascht. Donieft ass och nach de Conceicao vum Terrain gesat ginn.
Lazio Roum - FC Empoli 2:1
0:1 Esposito (9'), 1:1 Zaccagni (45+4'), 2:1 Pedro (84')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Olympique Lyon - Nantes 2:0
1:0 Tagliafico (22'), 2:0 Pallois (54', Selbstgol)
Nice - PSG1:1
1:0 Abdi (39‘), 1:1 Mendes(52‘)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Deportivo Alavés - FC Barcelona 0:3
0:1 Lewandowski (7'), 0:2 Lewandowski (22'), 0:3 Lewandowski (32')
D'Victoire vu Barcelona war auswäerts géint Alavés zu kengem Ament a Gefor. De Matchwinner war de Stiermer Lewandowski, deen an der éischter Hallschent déi dräi Goler vum Matcher geschoss huet an domadder eleng fir den 3:0 vu Barca gesuergt huet.
No 9 Spilldeeg steet Barcelona mat enger Avance vun dräi Punkten op Real Madrid un der Spëtzt vun der Tabell.