De Weekend sinn am nationale Futtball d'1/32-Finalle vun der Coupe de Luxembourg gespillt ginn.

D'Veräiner aus der BGL Ligue hunn et alleguer an d'1/16-Finalle vun der Coupe de Luxembourg gepackt. Den Titelverdeedeger Nidderkuer huet sech auswäerts mat 8:0 géint Uespelt aus der 3. Divisioun behaapt. An de Champion Déifferdeng ass op Colmer-Bierg (2. Divisioun 1. Bezierk) mat 14:0 wanne gaangen.

Aus der Éierepromotioun huet et e Sonndeg awer eng Rei Veräiner erwëscht. D'Etzella, Beggen, Sandweiler, Këppchen, Biissen, Feelen a Mamer hu sech misste géint Géigner aus méi niddregen Divisioune geschloe ginn.

Schonn e Samschdeg sinn déi éischt Matcher vum 2. Tour vun der Coupe gespillt ginn. Mam Fusiounsveräin aus der Haaptstad Luxembourg City a Berbuerg hat et hei zwee Veräiner aus der Éierepromotioun getraff.

Et war deen éischten Tour vun der Coupe mat de Veräiner aus der héchster Divisioun.

Den Iwwerbléck vun de Resultater