Bei der FLT geet een dovunner aus, datt ronn 2.000 Leit am Land de Sport aktiv spillen. Bannent de leschten zwee Joer hu sech d'Lizenze verfënneffacht.

D’Claudine Schaul huet de professionellen Tennis op engem héijen Niveau erlieft an ass elo Vizepresidentin vun der Padelskommissioun bannent der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.

Do dréit d’Claudine Schaul hire Pefferkärche mat bäi, fir d’Entwécklung vum Padel bei eis am Land weider no vir ze dreiwen. Déi fréier Nummer 41 an der Weltranglëscht ass och selwer aktiv Padelspillerin.

De Padel gëtt dacks als eng Mëschung tëschent Tennis a Squash bezeechent. Déi gliese Wänn, déi e wichtege Bestanddeel vum Padel sinn, maachen dem "normalen" Tennisspiller am Ufank emol gäre Kappzerbrieches.

D’Entwécklung vum Paddel ass zanter der Grënnung vu virun 2 Joer rasant an d’Luucht gaangen. Bei der FLT geet een dovunner aus, datt eng 1500 bis 2.000 Leit hei am Land de Sport aktiv spillen. Bannent de leschten zwee Joer hu sech d'Lizenze verfënneffacht.

De Käschtepunkt fir d’Hierstellung vun engem Padelterrain, 10 Meter op 20, chiffréiert sech ëm déi 50.000 Euro. Do läit och schonn de wonne Punkt. Dëser Terraine ginn et der nëmme 17 am ganze Land. D’Sich no enger Plaz, fir ze spillen, ass net ëmmer mat engem Erfollegserliefnis verbonnen. Och e Partner muss fonnt ginn.

E Samschdeg sinn d’Finallen am Padel-Championnat iwwer d’Bün gaangen. An der héchster Klass stoungen 3 Spiller mat der spuenescher Nationalitéit, déi hei am Land schaffen a liewen, an ee Lëtzebuerger an der Finall. De Spuenier Enric Batalla ass lëtzebuergeschen Nationaltrainer. Hie war Champion bei de Junioren a Katalounien an huet d’Finall e Samschdeg zesumme mam Tom Maquel géint den Duo Tari/Guillen gewonnen.

RTL

© FLT / Facebook

An där kuerzer Zäit vun der Padel-Existenz hunn déi Verantwortlech vun der Padelkommissioun et och fäerdeg bruecht, eng Damen- an Härennationalekipp opzebauen.