De Weekend waren d'Damme vun de Red Boys Déifferdeng am Aserbaidjan gefuerdert.

D'Damme vun Déifferdeng haten de Weekend hiren alleréischten Optrëtt am EHF European Cup. Nodeems een e Samschdeg am Aserbaidjan den Allersmatch géint Qarabagh HC mat 24:27 verluer huet, gouf et och e Sonndeg am Retourmatch eng Néierlag. D'Spillerinne vum Trainer Mich Scheuren hu sech misse mat 25:26 geschloe ginn. An der Paus louch ee mat 11:9 a Féierung. Domadder ass déi europäesch Aventure no der 2. Ronn fir Déifferdeng eriwwer.