E Samschdeg an den nächsten Dënschdeg spillen d'Rout Léiwen an der Nations League auswäerts géint Bulgarien an an Ungarn géint Belarus.

Am Vireld krut de Leandro Barreiro de Präis als Sportler vum Joer 2023 iwwerreecht.

Et war schonn een exzeptionellt Joer, dat de Leandro Barreiro hannert sech huet. Bei sengem deemolege Veräin FSV Mainz 05 an och an der FLF-Selektioun war de 24 Joer ale Lëtzebuerger een absolutte Pilier. De Mëttelfeldspiller hat esouwuel am Veräin ewéi och an der Nationalekipp e groussen Undeel um Succès. All ze vill Méiglechkeete fr dat sacken ze loossen, huet den Nationalspiller awer net. "Zäit huet een net wierklech, well et kënnt ëmmer rëm deen nächste Match, Training oder dat nächst Zil, wat een huet. Grondsätzlech war dat lescht Joer fir mech zimmlech gutt, souwuel perséinlech bei Mainz oder och an der Nationalekipp. 2023 ass ee Joer op dat ech gären zeréckkucke mat ganz vill Reussite.", sou de Sportler vum Joer.

Am Summer huet de Leandro Barreiro sech en neit Zil geischt. No iwwer 8 Joer bei Mainz huet den 58-fachen Nationalspiller beim portugisesche Rekordchampion Benfica Lissabon ënnerschriwwen. Engem Veräin, bei deem et am Géigesaz zu Mainz méi drëm geet, selwer eppes mam Ball ze kreéieren:

"Zu Mainz war et sou, datt mir als méi klenge Veräin vill verdeedegt hunn a probéiert hunn, de Géigner viru Problemer ze stellen. An deene Matcher géint Ekippen op Aenhéicht wollte mir Punkten huelen. Bei Benfica Lissabon ass aneschters. Mir sinn eben ee grousse Veräin a spille géint Géigner, déi méi defensiv spillen. Do geet et éischter drëm, een déiwe Block ze ëmspillen a Golchance ze kreéieren." 

No dem geplatzten EM-Dram am Nations League Playoff a Georgien am Mäerz sinn d’Rout Léiwen rëm zeréck an der batterer Realitéit. Bei deenen zwou Néierlagen zum Optakt géint Nordirland a Belarus am September ass et net sou gelaf, wéi ee sech dat erwaart hat:

"Et ass schwéier ze analyséieren. Wichteg ass, datt mir d’Matcher nach eng Kéier ukucken, genau beschwätzen, wat net gutt war an dat fir déi nächst Géigner adaptéieren. Do musse mer kucke prett ze sinn, fir méi Punkten ze huelen, well mir wëssen, datt mir d’Qualitéiten hunn, an datt mir géint Bulgarien a Belarus gewanne kënnen."

Déi Qualitéite mussen d’Rout Léiwen och déi nächst Matcher um Terrain weisen. No 0 Punkten aus zwee Matcher sti Barreiro a Co. elo ënner Drock ze punkten, fir den Ofstig an d’Liga D vun der Nations League ze vermeiden.