Et ass offiziell
De Jürgen Klopp gëtt "Futtball-Chef" bei Red Bull

© AFP
De fréieren Trainer vu Mainz, Dortmund a Liverpool ass zeréck am Futtball-Geschäft.
Ewéi de Produzent vum bekannten Energy-Drink e Mëttwoch matdeelt, wäert de Jürgen Klopp de Poste vum "Futtball-Chef" bei Red Bull iwwerhuelen. Säin offizielle Beruffstitel wäert "Global Head of Soccer" sinn. Dat vum éischte Januar d'nächst Joer un.
Red Bull huet direkt e puer Veräiner weltwäit ënnert sech, dorënner Leipzig, Salzburg, New York, Leeds oder Bragantino a Brasilien.
An engem Video op sengem Instagram-Account huet de Jürgen Klopp erkläert, firwat hie sech decidéiert huet, bei Red Bull ze goen.
Am meeschte gelies