Op der leschter Etapp vun der Flèche du Sud ronderëm Esch gouf et e Sonndeg am Sprint eng weider Etappevictoire fir den 20 Joer jonke Britt Matthew Brennan. De jonke Belsch Matisse Van Kerckhove ass am Generalklassement vir bliwwen a gewënnt déi 75. Editioun vun der Course.
Siwe Coureuren hate sech fréi an der Course aus dem Peloton ofgesat. D'Ekipp Visma Lease a Bike huet dësem Grupp eng gréisser Avance zougestanen, huet awer an deene leschten zwee, vun am Ganzen aacht Tier, richteg op den Tempo gedréckt an ass d'Lach am leschten Tour zougefuer. Déi leschte Kéier de Keeler Poteau erop hat d'Lëtzebuerger Nationalekipp mam Mats Wenzel nach eemol alles probéiert, Visma Lease a Bike huet awer direkt reagéiert an näischt méi zougelooss.
An de Stroosse vun Esch-Belval ass et zu engem Sprint komm. De Mats Wenzel war als 13. de beschte Lëtzebuerger a bleift den Zweeten am Generalklassement. Déi staark Leeschtung vun den FSCL-Coureure gëtt mat der 3. Plaz vum Arno Wallenborn ofgeronnt.