Handball-Damme vu Käerjeng am European Cup eliminéiert
© AFP
Trotz enger kämpferescher Leeschtung sinn d’Käerjenger Dammen no zwou Néierlage géint WHC Cair Skopje ausgescheet.
An enger stëmmungsgeluedener Hal, wéi een dat aus Nordmazedonien kennt, ass den HB Käerjeng géint WHC Cair Skopje mat 26:32 als Verléierer vum Terrain gaangen an ass domat net méi am European Cup dobäi. De lëtzebuergesche Vertrieder war mat engem Réckstand vun zwee Goler (24:26) aus dem Allersmatch op Skopje gereest.
An der Ufanksphas huet ee Käerjeng ugesinn, dass si dee Réckstand séier wollte guttmaachen, mee Cair huet bei de Lëtzebuergerinne keng Hoffnung opkomme gelooss. Nodeems d’Féierung an der éischter Véierelsstonn hin an hier gewiesselt ass, konnte sech d’Nordmazedonierinnen ab der 20. Minutt lues awer sécher ofsetzen a sech eng maximal Avance vu 4 Goler erausspillen. Dësem Réckstand ass Käerjeng am weidere Verlaf vum Match ëmmer hannendru gelaf.
D’Säite goufe beim Stand vu 17:14 fir Skopje gewiesselt. Wéi Käerjeng op 18:19 erukomm war, koum nach eng Kéier kuerz Hoffnung bei Tina Welter a Co op. Mee du wollt Käerjeng et ze vill erzwéngen an huet net déi richteg Léisunge fonnt. D’Schëss aus dem Réckraum sinn dacks entweder an der géignerescher Verdeedegung oder bei der Golkipperin hänke bliwwen.
Beim Stand vu 23:27 an der 50. Minutt war kloer, dass d’Europacoupe fir Käerjeng schonn nom éischten Optrëtt eriwwer wär. Trotz enger engagéierter Leeschtung, wou d’Tina Welter an d’Claudine Mendy jeeweils 6 Goler fir déi Gréng markéiert hunn, verléiert de Lëtzebuerger Vizechampion um Enn 26:32.