E Méindeg den Owend waren d’Pressekonferenz an den Training vun der Lëtzebuerger Nationalekipp virum Match en Dënschdeg géint Belarus

Dëst op dem relativ klenge Stadion zu Zalaegerszeg an Ungarn. De Match ass jo bekanntlech op neutralem Terrain an ouni Public.

Fir den Nationaltrainer Luc Holtz sinn d’Spiller alleguerte physesch fit; och de Mica Pinto, deen ee liichte Problem mam Knéi hat a Bulgarien. Den 19 Joer alen Tomás Moreira (U23 Benfica Lissabon) huet vun e Méindeg un déi Lëtzebuerger Nationalitéit a kann en Dënschdeg um Terrain stoen. Den Nationaltrainer fënnt dat realistesch, fir hien en Dënschdeg um Terrain ze gesinn.

De Gerson Rodrigues ass dem Luc Holtz no nom Training vun e Méindeg no bei sengen 100%, dofir kann een dovun ausgoen, datt de Buteur en Dënschdeg de Match wäert ufänken.

Et ass probabel, datt d’Rout Léiwe géint Belarus net ganz offensiv wäerte spillen. Den Trainer ass sech och nach net eens, wien déi zwee gespaarte Spiller Chris Martins a Florian Bohnert wäerten ersetzen. Och de Spillsystem ass nach net definéiert. Den Terrain an Ungarn ass keen Thema.

Fir jiddereen a besonnesch fir de Luc Holtz ass et gewosst, datt de Match géint Belarus extreem wichteg ass. Et dierf op kee Fall eng Defaite erauskommen, soss riskéiert et, a Richtung Ofstig ze goen. E Remis kéint eventuell duergoen.

Fir de Rekordnationalspiller a Kapitän Laurent Jans ass et kee gréissere Problem, datt de Match en Dënschdeg ouni Public wäert gespillt ginn. Leider hätt een domadder scho seng Erfarunge musse wärend der Covid-Zäit maachen. Natierlech géif de Laurent Jans léiwer mat Public um Terrain stoen. D’Motivatioun bei engem Match fir de Roude Léiw ass ëmmer op 100% a besonnesch, wann et wéi en Dënschdeg ëm ganz vill geet.

Um Schluss vun der Pressekonferenz hunn de Coach, de Kapitän Jans an d’Kolleege vun der Press debattéiert iwwert dat, wat am Kontext vum VAR an dem Arbitrage a Bulgarien gelaf war. De Luc Holtz huet nach guer net verdaut, datt no engem schroe Feeler op de Seid Korac keng rout Kaart gewise gouf.