D'Triathletin Jeanne Lehair wëll a Spuenien bei der Weltmeeschterschaft nach emol eng top Placéierung maachen. D'Viraussetzunge wieren awer net ideal.

Esou huet d'Olympionikin den Ament mat enger liichter Erkältung ze kämpfen, dobäi kënnt, dass Si net gären am Mier schwëmmt an d'Saison scho laang wier.

D'Europameeschterin vum leschte Joer hat an dëser Saison vill Pech, nom Abandon zu Paräis wéinst engem technesche Problem um Vëlo an zu Toulouse wéinst engem Platten.

De Weltmeeschtertitel ass d'Resultat vun engem Klassement vun den 3 beschten Epreuvë vun enger Serie, déi wärend de leschte Méint waren, plus d'Epreuve vun Torremolinos. Dat bréngt mat sech, dass d'Weltelite um Depart ass. D'Jeanne Lehair läit op der Positioun 7 a misst hir Plaz an der Top 10 weltwäit confirméieren. D'Zil wier an de Beschten 8 vun der Welt ze bleiwen.

D'Jeanne Lehair geet e Samschdeg um 15.15 Auer un den Depart an huet den Dossard mat der Nummer 6.

E Sonndeg ass et da bei den Hären um Gregor Payet. Mir hu viru sengem Depart mat him iwwer seng Erwaardunge fir dës WM geschwat.