Arsenal London huet bei Bournemouth déi éischt Néierlag an der Premier League kasséiert. An Italien bleift et enk un der Tabellespëtzt.

An der däitscher Bundesliga huet ënnert anerem Leverkusen géint Frankfurt gewonnen. De kompletten Iwwerbléck vun der Bundesliga fannt dir hei. An och eng sëlleg Lëtzebuerger Futtballer waren am Ausland aktiv.

Premier League

Tottenham Hotspur - West Ham United 4:1
0:1 Kudus (18'), 1:1 Kulusevski (36'), 2:1 Bissouma (52'), 3:1 Todibo (Selbstgol, 55'), 4:1 Son (60')

D'Gäscht hunn eng vun hire wéinege Chance konnten notzen a louchen esou no 18 Minutten a Féierung. An der Suite vum Match huet Tottenham d'Geschéien um Terrain awer dominéiert an si nach virun der Paus duerch e Gol vum Kulusevski zum Ausgläich komm. Nom Säitewiessel hunn d'Spurs d'Gäscht quasi iwwerrannt a hu bannent 8 Minutten direkt dräi mol zougeschloen. No 60 Minutte war de Match soumat virentscheed. An der Schlussphase krut zu allem Iwwerfloss de Kudus och nach déi Rout Kaart, dat nodeems de Spiller vu West Ham de van de Ven sou wéi och dem Sarr an d'Gesiicht geschloen huet. D'Spurs wannen deemno mat 4:1 géint West Ham.

Manchester United - FC Brentford 2:1
0:1 Pinnock (45+5'), 1:1 Garnacho (47'), 2:1 Hojlund (62')

D'Red Devils kennen sech opgrond vun enger Steigerung an der 2. Hallschent verdéngt mat 2:1 géint Brentdorf duerchsetzen. D'Gäscht si kuerz virun der Paus no engem Corner duerch de Pinnock a Féierung gaangen. Nom Säitewiessel huet et mol keng 2 Minutte gedauert bis de Garnacho den Ausgläich fir d'Lokalekipp markéiere konnt. Den entscheedenden Gol ass dem Höjlund an der 62. Minutt gegléckt. No 5 Matcher ouni Victoire ka sech Manu deemno mol nees iwwer 3 Punkte freeën.

AFC Bournemouth - FC Arsenal 2:0

1:0 Christie (70'), 2:0 Kluivert (79', Eelefmeter)

No siwe Ligamatcher ouni Néierlag léisst Arsenal géint Bournemouth déi éischt Punkte leien. D'Gunners hu sech mat hire ville Feeler d'Liewe selwer schwéier gemaach an hunn iwwer 60 Minutten an Ënnerzuel musse spillen, well de Saliba no VAR-Interventioun mat Rout fréi huet mussen dusche goen. Well Arsenal de Match net wierklech an de Grëff krut, huet Bournemouth dovu profitéiert a bannent 10 Minutten zwee Goler geschoss, woumat de Match decidéiert war.

Serie A

AC Mailand - Udinese Calcio 1:0

1:0 Chukwueze (13')

Den AC Mailand kann de Spëtzematch géint Udinese fir sech entscheeden a spréngt an der Tabell virun d'Ekipp aus dem Friaul. Mailand war fréi a Féierung gaangen, mee huet ab der 29. Minutt zu zéng musse spillen, well de Reijnders mat Rout vum Terrain gesat gouf. Udinese konnt de Ball wuel eng Kéier am Mailänner Gol ënnerbréngen, mee dëse gouf vum VAR wéinst Abseits oferkannt.

Juventus Turin - Lazio Roum 1:0

1:0 Gila (85', Eegegol)

Juventus Turin gewënnt de Spëtzematch géint Lazio duerch en Eegegol kuerz viru Schluss a bleift um Tabelleleader Neapel drun. De Match hat denkbar schlecht fir Lazio ugefaangen. Schonn no 25 Minutte waren d'Réimer ee Mann manner um Terrain. Doropshin huet sech Lazio op d'Verteidege konzentréiert, mee den 0:0 sollt net bis zum Schluss halen.

Ligue 1

Stade Brest - Stade Rennes 1:1

1:0 del Castillo (54', Eelefmeter), 1:1 Jota (87')

Stade Brest, dëst Joer Participant an der Champions League a Géigner vu Real Madrid, kënnt net richteg an d'Rullen. No 8 Spilldeeg steet d'Ekipp aus der Bretagne mat just 10 Punkten am Mëttelfeld vun der Tabell. Am Derby géint Rennes gouf et spéit eng kal Dusch.

AS Saint-Étienne - RC Lens 0:2

0:1 Frankowski (20'), 0:2 Labeau Lascary (79')

PSG - Stroossbuerg 4:2

1:0 Mayulu (18'), 2:0 Asensio (47'), 2:1 Mara (58'), 3:1 Barcola (66'), 4:1 Lee Kang-In (90'), 4:2 Diongue (90'+3)

Paräis bleift an der Tabell weiderhi virun der AS Monaco, och wa béid Ekippe punktgläich un der Tabellespëtzt leien.

La Liga

Athletic Bilbao - Espanyol Barcelona 4:1
1:0 Vivian (6'), 2:0 Williams (28'), 3:0 Williams (30'), 4:0 Berenguer (55'), 4:1 Tejero (90+2')

FC Girona - Real Sociedad 0:1

0:1 Oyarzabal (44')

Celta Vigo - Real Madrid 1:2 

0:1 Mbappé (20'), 1:1 Swedberg (51'), 1:2 Vinicius Junior (66')

Real Madrid huet sech géint Vigo schwéier gedoen, gewënnt um Enn awer verdéngt a bleift um Tabelleleader FC Barcelona drun, deen e Sonndeg spillt. Duerch e Gol vum Mbappé goung de spuenesche Rekordmeeschter a Féierung, mee Vigo huet sech net opginn a konnt no der Paus ausgläichen. D'Madrileenen hunn hir Iwwerleeënheet kuerz drop nees opblëtze gelooss an hunn de Virsprong iwwer d'Zäit gerett.