De Sport misst fräi vu kierperlecher, psychologescher a sexueller Gewalt sinn. Dofir bräicht et fir de Minister eng Plaz, fir Fäll vu Gewalt ze mellen.

De Sportminister Georges Mischo huet en Dënschdeg de Mëtteg wärend der Froestonn op d’Situatioun am Lëtzebuerger Leeschtungssport an d’Verurteelung vum Futtballnationalspiller Gerson Rodrigues an éischter Instanz wéinst verschiddene Gewaltdote reagéiert, mee sech net positionéiert, wat d’Selektioun an den Nationalekippen ugeet.

"Och wann ech mech, wéi der schonn an äre Froen ugemierkt hutt, net kann an och net an d’sportlech Entscheedungen a Selektioune vun Nationalekippen oder Kaderen amësche wëll, verurteelen ech all Form vu Gewalt, och ausserhalb."

De Sport misst eng sécher Plaz sinn, fräi vu kierperlecher, psychologescher a sexueller Gewalt, esou de Sportminister Georges Mischo. Hien huet dofir d’Wichtegkeet vun enger onofhängeger Ulafstell ënnerstrach, wou esou Fäll kéinte gemellt ginn.