Den englesche Rekordchampion am Futtball Manchester United huet no engem schwaache Start an d'Saison säin Trainer Erik ten Hag entlooss.

D'Red Devils stinn den Ament op der 14. Plaz vun der Premier-League-Tabell. Dat nodeems et e Sonndeg géint West Ham déi véierten Nidderlag am aktuelle Championnat gouf.

United huet vu senge leschten aacht Matcher an alleguer de Kompetitioune just ee gewonnen.

Dem Erik te Hag säi Co-Trainer a fréiere Stiermer vu Manchester United Ruud van Nistelrooy soll den Trainerposten am Interim iwwerhuelen, bis en definitiven neien Trainer fonnt ass.