E Mëttwoch den Owend war an der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball nach en Nodrosmatch vum 8. Spilldag

Resumé Progrès-Racing / Reportage Serge Olmo

Enn September hat de Match tëscht Nidderkuer an dem Racing wéinst de schlechte Wiederkonditiounen an dem Zoustand vum Terrain fréizäiteg missen ofgebrach ginn. E Mëttwoch den Owend ass de Match frësch gespillt ginn an do gouf et een 1:1-Remis.

No enger schwaacher éischter Hallschent ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen. Béid Ekippen hu sech um Terrain iwwer wäit Strecken neutraliséiert an hu kaum fir Héichpunkte gesuergt. Béiden Ekippen huet et virun allem un Tempo an dem néidege leschte Pass gefeelt.

An der zweeter Hallschent huet et anescht ausgesinn. An der 47. Minutt ass Nidderkuer duerch de Mixtur a Féierung gaangen. Dono war méi Tempo am Match a béid Ekippe krute sech Golchancen erausgespillt. Mat engem placéierte Schoss huet de Mabella an der 58. Minutt ausgeglach an dono war de Racing déi méi geféierlech Ekipp. An der Schlussphas ass et nach eemol mat 2 roude Kaarten (Diop an Natami) héich hiergaangen nodeems och schonn de Golkippstrainer vun Nidderkuer an der 74. Minutt déi rout Kaart gesinn hat. Um Enn ass weder Nidderkuer nach dem Racing e Gol gelongen. Béid Ekippe bréngt dëse Punkt net sou richteg weider.

D'Tabell