E Mëttwoch den Owend sinn an Däitschland an an England Coupematcher gespillt ginn. An Italien war et d'Suite an der Serie A.

DFB Pokal - 1/16-Finallen

Mainz - Bayern München 0:4

0:1 Musiala (2'), 0:2 Musiala (37'), 0:3 Sané (45+1'), 0:4 Musiala (45+4')

An de 1/16-Finalle vun der däitscher Coupe hat Mainz de Bayern net vill entgéintzesetzen. Ugefouert vum Musiala huet de Rekordgewënner, deen zanter 2020 op säin 21. Succès waart, sech beim Ligakonkurrent mat 4:0 (4:0) duerchgesat.

Dem Musiala ass et gelongen, fir d'éischte Kéier a senger Profikarriär dräi Goler an engem Match ze markéieren.

Eintracht Frankfurt - Borussia Mönchengladbach 2:1
1:0 Ekitiké (45+2'), 1:1 Itakura (47'), 2:1 Marmoush (70')

Mat engem leidenschaftleche Kampf an dem Joker Marmoush huet Eintracht Frankfurt trotz laanger Ënnerzuel d'Aachtelsfinalle vum DFB Pokal erreecht. Am Bundesliga-Duell mat Borussia Mönchengladbach huet Frankfurt fréi missen déi rout Kaart vum Theate (15', Handspill) ewechstiechen, huet sech awer duerch de Marmoush um Enn mat 2:1 (1:0) behaapt. De Stiermer war eréischt siwe Minutte viru sengem Gol agewiesselt ginn.

Fir den Theate war et déi zweet rout Kaart bannent dräi Deeg. De Weekend war hien och schonn an der Partie géint Union Berlin vum Terrain gesat ginn.

Hertha BSC - Heidenheim 2:1
1:0 Scherant (16'), 2:0 Cuisance (74'), 2:1 Schimmer (89')

Freiburg - HSV 2:1
1:0 Ginter (19'), 2:0 Grifo (44', Eelefmeter), 2:1 Meffert (51')

Paderborn - Bremen 0:1
0:1 Ducksch (30')

Bielefeld - Union Berlin 2:0

1:0 Wörl (12'), 2:0 Becker (71')

Union Berlin huet sech zu Bielefeld blaméiert. No enger ganz schwaacher Leeschtung huet den Tabellevéierten aus der Bundesliga mat 0:2 géint de Veräin aus der 3. Liga verluer.

Dynamo Dresden - Darmstadt 2:3 (n.V.)

0:1 Vukotic (57'), 1:1 Lemmer (85'), 1:2 Kempe (90+1', Eelefmeter), 2:2 Lemmer (90+11'), 2:3 Lidberg (98')

Hoffenheim - Nürnberg 2:1

1:0 Tabakovic (27'), 1:1 Emreli (48'), 2:1 Arthur Chaves (72')

EFL Cup - 1/8-Finallen

Brighton & Hove Albion - Liverpool 2:3

0:1 Gakpo (46'), 0:2 Gakpo (63'), 1:2 Adingra (81'), 1:3 Diaz (85'), 2:3 Lamptey (90')

Aston Villa-Crystal Palace 1:2

0:1 Eze (8'), 1:1 Duran (23'), 1:2 Kamada (64')

Manchester United - Leicester City 5:2

1:0 Casemiro (15'), 2:0 Garnacho (28'), 2:1 El Khannous (33'), 3:1 Fernandes (36'), 4:1 Casemiro (39'), 4:2 Coady (45+3'), 5:2 Fernandes (59')

De Ruud van Nistelrooy ass mat Manchester United erfollegräich a seng Amtszäit op der Trainerbänk gestart. ManUnited steet duerch e 5:2 géint Leicester City an de Véierelsfinalle vum Ligapokal.

Newcastle United - Chelsea 2:0

1:0 Isak (23'), 2:0 Disasi (26', Selbstgol)

Preston North End - Arsenal 0:3

0:1 Gabriel Jesus (24'), 0:2 Nwaneri (33'), 0:3 Havertz (57')

Tottenham Hotspur - Manchester City (Match leeft nach)

1:0 Werner (5'), 2:0 Sarr (25'), 2:1 Matheus Nunes (45+4')

Serie A

FC Empoli - Inter Mailand 0:3
0:1 Frattesi (50'), 0:2 Frattesi (67'), 0:3 Martinez (79')

D'Rollen tëscht den Haushären an dem aktuellen italieenesche Champion ware kloer verdeelt. Inter Mailand hat awer an der Ufanksphas ofgesi vu méi Ballbesëtz wéineg Offensives ze bidden. Empoli huet sech dunn duerch eng Glat Rout Kaart vum Goglichidze selwer Steng an de Wee geluecht. Bis un d'Enn vun der éischter Hallschent konnten d'Gäscht d'Iwwerzuel nach net fir sech notzen, ma no der Paus huet een du kuerze Prozess mat den Haushäre gemaach. Direkt zweemol huet de Frattesi getraff an de Martinez huet fir d'Schlussresultat gesuergt.

No 10 Spilldeeg steet Neapel un der Spëtzt vun der Tabell mat 25 Punkten. Op Plaz 2 steet Inter mat 21 Punkten.

Juventus Turin - Parma Calcio 2:2
0:1 Del Prato (3'), 1:1 McKennie (31'), 1:2 Sohm (38'), 2:2 Weah (50')