Mat Tschechien a Kroatien waarde schwéier Aufgaben op d'FLH-Hären

© AFP (Archiv)
E Mëttwoch fänkt zu Prag fir d'Lëtzebuerger Handballnationalekipp vun den Hären déi 2. Qualifikatiounsphas fir d’EM 2026 un.
Zu de roude Léiwen ass ze bemierken, datt den Adel Rastoder, deen am Kader war, blesséiert ass. Soss konnt den Nationaltrainer op déi Spiller zréckgräifen, déi hie selektionéiere wollt. Den Aldin Zekan vum HB Diddeleng ass net convoquéiert, wat verschidden Handballsupporter iwwerrascht. De jonke Pivot Sam Richard vu Saarlouis ass fir d’éischt nominéiert ginn.
De grousse Favorit vum Grupp 5 ass Kroatien d’Nummer 9 an Europa.
Géint d’Handballikon Domagoj Duvnjak ass de Rendez-vous e Samschdeg um 20.15 Auer. De Gymnase vun der Coque wäert ausverkaaft sinn.
Nieft Tschechien a Kroatien ass d'Belsch déi 4. Ekipp vum Lëtzebuerger Grupp. Géint eisen Noper ass et méiglech, eng positiv Iwwerraschung fäerdeg ze bréngen. Déi Partië géint d’Nummer 24 aus Europa wäerten am Mäerz 2025 sinn.
Den éischte Rendez-vous ass e Mëttwoch um 17.30 Auer géint Tschechien. D’Lëtzebuerger sinn am europäesche Ranking op der 35. Plaz. D’Tschechien ass op der Plaz 17. Eng staark Ekipp, wou ënner aner anerem dräi Bundesligaspiller optrompen. Si sinn e bësse manner staark anzeschätze wéi Kroatien. Am Fong sinn d’Partië vun dëser Woch ënner anerem ganz wichteg Preparatioune fir géint d’Belsch, well dem Nationaltrainer Maik Handschke no sinn Tschechien a Kroatien vill ze staark.
Eng Zilsetzung géint Tschechien oder Kroatien ze formuléieren, ass Blödsinn. Ech war viru ronn 35 Joer an enger änlecher Situatioun. D’Héicht vum Resultat oder wéi de Match verleeft, dat entscheede si. Ech hu vun der Federatioun aus d’Zilsetzung fir ee Match géint d’Belsch ze gewannen.
De Bierchemer Lé Biel a säi Réiserbänner Kolleeg Raphael Guden waren och bei der Pressekonferenz present. Fir de Biel kann een och géint déi Favoritten uerdentlech dowidder halen.
Mir kënnen de Match deelweis bestëmmen oder eise Spillstil e bëssen upassen, datt mir effektiv lues an den Ugrëff lafen, lues opbauen. Esou wéi mir och trainéieren an déi lescht Zäit och gespillt hunn. An zwar datt mir laang Ugrëff spillen an net egal wat maachen an net direkt op de Gol schéissen.
De Raphael Guden erwaart sech ganz vill Spectateuren. Hie wëll komplett fräi opspillen zu Prag géint Tschechien an doheem géint dee fréieren Olympiagewënner a Weltmeeschter Kroatien.
Am Fong hu mir guer keen Drock. Déi, déi den Handball kennen, déi wëssen, wéi dat Ganzt lafe wäert. Mir ginn einfach alles. Mir wäerten als Ekipp alles ginn. Mir wäerten zesummenhalen, egal wéi d'Resultat ass.
D'Plazen 1 an 2 aus dem Grupp qualifizéiere sech fir den nächsten Tour esou wéi déi véier bescht Tabellendrëtt vun alle Gruppen. Et geet fir d’Rout Léiwe prioritär drëms, déi lescht Plaz aus dem Grupp z’evitéieren.
D'Partië géint Tschechien a Kroatien kënnt Dir op RTL.lu am Livestream suivéieren.