Et gëtt e bëssen Onrou ronderëm de Maxime Chanot.

Am Quotidien gëtt den (nach) Lëtzebuerger Futtballnationalspiller aus engem Communiqué vu sech zitéiert, deen eis awer net virläit. Dora géif de 34 Joer ale Profi vum Los Angeles FC matdeelen, datt hien net fir déi zwee Rendez-vousen an der Nations League elo am November heiheem géint Bulgarien a géint Nordirland bei d'FLF-Formatioun kéim. An deem Communiqué soll de Chanot och geschriwwen hunn, datt et hien traureg mécht, wéi d'Ekipp vun de Roude Léiwen um an nieft dem Terrain géif geréiert ginn. Dat géif och verhënneren, datt de Grupp säi ganzt Potenzial kéint ofruffen. E Grupp vu professionelle Spiller zu geréieren, géif sech net improviséieren, esou de Chanot. 
 
Mir hu beim Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer nogefrot. De Luc Holtz wëll à ce stade näischt dozou soen. En Donneschdeg gëtt den FLF-Coach op enger Pressekonferenz seng Ekipp bekannt fir déi zwee Matcher an der Nations League den 15. November géint Bulgarien an den 18. November géint Nordirland. 
 
Beim Virstouss vum 71-fache Lëtzebuerger Nationalspiller stelle sech natierlech e puer Froen. Wat genee ass u sengen Aussoen drun a wien ass alles domat gemengt? Oder spiert do e Spiller mat Charakter, datt seng Zäit an der Nationalekipp lues a lues ofleeft an eng Stammplaz net méi garantéiert ass? 
 
Wat op jiddwerfalls bei deenen zwee leschte Matcher am Oktober a Bulgarien a géint Wäissrussland opgefall ass, war (de Chanot war nach virum Bulgarien-Match nees ofgereest, wéinst ugeschloenem Knéi), datt de Seid Korac, Profi an der ieweschter Divisioun a Serbien, op der Zentralverteedegerpositioun e ganz stabillen Androck hannerlooss huet a mat sengen 23 Joer an 1,91 Meter, neie Patron an der Lëtzebuerger Defense kéint ginn.