Basketball-Championnat
Mamer klappt Munneref am Kellerduell

© Emile Mentz
An der Enovos League bei den Häre gouf um Dënschdeg e virverluechte Match vum 9. Spilldag gespillt.
Hären
Zu Mamer stounge mat der Lokalekipp an de Gäscht vu Munneref zwou Ekippe géintiwwer, déi des Saison bis elo just ee Match gewanne konnten. Bei Munneref stoungen de Max Reuter an de Cyril Wealer als Interimstrainer an der Verantwortung, nodeems sech de Club vum Bob Adam getrennt hat.
D‘Zuschauer zu Mamer hunn e spannende Match gesinn, um Enn setzt sech d‘Lokalekipp mat 95:84 duerch. De Jacob Hilmer huet 39 Punkte markéiert.
Um Freideg a Samschdeg ass d'Suite vum 9. Spilldag bei den Hären.
Am meeschte gelies