Wärend dem Champions-League-Match tëscht Bayern München a Benfica Lissabon war et e Mëttwochowend an der Südkurve vun der Allianz Arena op eemol roueg.

Wéinst engem medezineschen Noutfall hunn d'Fans vun der 3. Minutt vum Match un opgehale mat Sangen. Den éischten Trainer vun der Lëtzebuerger Dammennationalekipp (2006 bis 2012), de Romain Jean, hat en Häerzinfarkt. No ronn enger hallwer Stonn ass de Romain Jean vun de Rettungsekippen, ënnert Applaus vun de Spectateuren, oftransportéiert ginn. Um Wee an d'Spidol ass de fréieren Dammennationaltrainer gestuerwen.

Op de soziale Medien huet den FC Bayern München déi traureg Nouvelle och gedeelt an der Famill hiert Bäileed ausgedréckt. Och de Bayern-Trainer Vincent Kompany hat schonn nom Match op den Doud vum Romain Jean reagéiert: "Et ass am Moment schwéier, iwwer Futtball ze schwätzen. Nom Match hu mir net esou gefeiert wéi normalerweis. D'Jongen hunn dat natierlech eréischt nom Match matkritt. Mir hoffen ëmmer, datt eis an all d'Fans gesond heemkommen. Dat war haut leider net de Fall."