En Donneschdeg huet de Futtball-Nationaltrainer Luc Holtz säi Kader fir déi lescht zwee Matcher an der Nations League annoncéiert.

Um Spill steet de Maintien an der Liga C. D'Rout Léiwe sti momentan mat zwee Punkten op der leschter Plaz am Grupp C3. Nieft der sportlech brenzeleger Situatioun huet de Maxime Chanot Ufank der Woch fir Onrou gesuergt. Den 71-fachen Nationalspiller huet d'Encadrement vun der FLF-Selektioun kritiséiert. "E Grupp vu professionelle Spiller ze geréieren, géif sech net improviséieren", esou de Chanot weider.

Den Nationaltrainer Luc Holtz huet en Donneschdeg de Moien op der Pressekonferenz Stellung bezunn an huet awer och verschidde Situatiounen aus engem anerem Bléckwénkel erkläert.

De Maxime Chanot war bei deene leschten zwee Lännermatch-Rendez-vouse géint Bulgarien a Belarus am Oktober net am Kader. Eng Blessur um Knéi war deemools d'Argumentatioun. Dat huet den Nationaltrainer Luc Holtz en Donneschdeg widderluecht.

Nei mat dobäi am Kader sinn de Lars Gerson an den David Jonathans. Den Edvin Muratovic gouf net selektionéiert. D'FLF-Formatioun spillt fir d'éischt de 15. November heiheem géint Bulgarien. Dräi Deeg drop ass dann den Tabelleleader Nordirland am Stade de Luxembourg op Besuch. Et sinn och nach Ticketen ze kréien.

RTL

© FLF/Facebook