Olympique Lyon steet virun Ofstig an d'Ligue 2

© AFP / Matthieu Mirville
Aktuell ass de franséischen Traditiounsveräin op der fënnefter Tabelleplaz a spillt donieft nach an der Europa League.
De 15. November hunn déi franséisch Autoritéite vun der Direction Nationale du Contrôle et Gestion (DNCG) decidéiert, de franséische Futtballclub Olympique Lyon bis zum Schluss vun der Saison op Sursis an déi zweethéchst Spillklass ze versetzen. Soll et dem Veräin bis dohin also net geléngen, déi prekär finanziell Situatioun däitlech ze verbesseren, muss den aktuellen Tabellefënneften aus der Ligue 1 fir d'Spillzäit 2025/26 an der Ligue 2 untrieden. Donieft gouf eng Transfertspär fir dës Wanterpaus ausgeschwat. Aktuell ass de Veräin mat 505 Milliounen Euro staark verschëlt.
Ufank 2023 war de siwefache franséische Champion vum US-amerikaneschen Investisseur John Textor offiziell iwwerholl ginn, dee mat senger Entreprise Eagle Football Holdings och nach Undeeler un anere Futtballveräiner, wéi ënnert anerem Crystal Palace an England an dem RWD Molenbeek an der Belsch huet. Schonn am leschte Joer ware seng Aktivitéiten zu Lyon vun de franséische Finanzautoritéiten ënnert d'Lupp geholl ginn. Deemools konnt een ugedréiten Ofstig nach verhënnert ginn. No der aktueller Decisioun vum DNCG huet sech den John Textor allerdéngs no bausse positiv gewisen. Hie géif sech op Nofro vun der L'équipe"iwwerhaapt keng Suerge maachen", datt ee bis zum Schluss vun der Saison genuch Suen asammele géif.
Parallellen zu Girondins Bordeaux
Et wier net déi éischte Kéier, datt a Frankräich een Traditiounsveräin wéinst ze héije Scholden an eng méi niddreg Spillklass géif gesat ginn. An der leschter Saison hat et den Zweetligist Girondins Bordeaux nach méi uerg getraff, deen net wéi ufanks geduecht mat engem Ofstig an déi drëtt, ma um Enn souguer an déi véiert Liga bestrooft gi war. Doduerch huet de sechsfache franséische Champion d'Profi-Lizenz, de Stadion an och d'Jugendzentrum verluer a muss zanterhier als Amateursveräin nei ufänken.