Keng Aktivitéite méi vum Vibball Iechternach

© AFP (Archiv)
Zanter gutt véier Joer gëtt et zu Iechternach de Basketveräin Vibball.
Bannent kuerzer Zäit huet de Club een enormen Zoulaf kritt an huet aktuell eng 160 Lizenzen. Déi lescht Woch goufen awer alleguerten d'Aktivitéite vun den nëmmen zwee Leit, déi am Comité sinn, agestallt. Ee vun de Grënn soll sinn, datt de Veräin net genuch Trainingsméiglechkeeten hätt. Dee Reproche léisst déi Iechternacher Buergermeeschtesch, Carole Hartmann, net gëllen.
"De Basket Veräin hat bei Wäitem déi meeschten Hale-Stonnen zu Verfügung. Et ass och richteg, datt si ëmmer méi gefrot hunn. Als Gemeng hu mir probéiert, een Equiliber ze halen an all Veräi gläich ze behandelen. De Basket war ee Veräi mat deene meeschte Memberen, esou datt et och verständlech war, datt si vill Halen-Zäiten haten. Insgesamt 54,5 Stonnen tëscht méindes a freides, esou datt si genuch Zäit haten, fir an hirem Veräi kënnen hir Aarbecht ze maachen."
Vu Säite vun der Federatioun gouf elo decidéiert, datt d'Kanner, déi eng Lizenz hunn, elo an anere Veräiner dierfe Matcher spillen. Fir déi, déi nach ze kleng sinn, fir Matcher ze spillen, kuckt d'Gemeng, fir eng Léisung ze fannen, fir datt déi Kleng awer nach kënnen hirem Sport nogoen.
"Lokal wiere mir immens frou, wa mir et géife fäerdeg bréngen, zesumme mat ganz aktiven Elteren, déi och vill matgeschafft hunn, wa mir et géife fäerdeg bréngen, een neie Veräin op d'Been ze setzen. Wou dann och déi ganz Kleng, déi elo nach keng Kompetitioun spillen, déi awer op den Traininge waren, datt mir fir si eng lokal Léisung géife fannen. Dat wier optimal."