Sprangreiden
De Victor Bettendorf wënnt zu Riyadh a schreift Lëtzebuerger Sportgeschicht
Sprangreiden
De Victor Bettendorf wënnt zu Riyadh a schreift Lëtzebuerger Sportgeschicht.
Un dësem Sprangturnéier dierfen nëmmen d'Gewënner vun der Longines Global Champions Tour 2024 matmaachen.
Fir dës hat sech de Lëtzebuerger Sprangreider Victor Bettendorf am Summer zu Roum qualifizéiert. Et waren am Ganze 15 Reider um Start um Sprangen iwwert 1,65 Meter mat zwou Ronnen.
De Lëtzebuerger ass mat sengem Päerd Foxy de la Roque un de Start gaangen an zesummen hu si et fäerdeg bruecht, déi zwou schwéier Ronnen ouni Feeler ze sprangen, mat der beschter Zäit an der zweeter Ronn, wat d'Victoire fir de Victor Bettendorf mat sengem Päerd bedeit huet.
Wéi et vun der Federatioun heescht, wier domat Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwe ginn.
Am meeschte gelies