E Samschdeg den Owend war bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vum 6. Spilldag Volleyball-Championnat.

Hären

Am Spëtzematch vum Spilldag hat Luerenzweiler doheem keng Chance géint de Champion Stroossen an huet sech misse mat 0:3 (14:25, 14:25, 17:25) geschloe ginn. Luerenzweiler huet domat d'Chance verpasst méi no un d'Tabellespëtzt erunzeréckelen a läit elo ofgeschloen op Plaz 3.

Beim Escher VBC huet Bartreng mat enger souveräner Leeschtung näischt ubrenne gelooss. Um Enn huet et 0:3 (13:25, 12:25, 16:25) geheescht, woumat Bartreng weider punktgläich mat Stroossen un der Tabellespëtzt läit. Nächste Weekend kënnt et zu Stroossen zum direkten Duell.

Zu Fenteng huet Iechternach eng batter Néierlag missen astiechen. Nodeems d'Visiteure déi éischt zwee Sätz fir sech entscheet haten, ass Fenteng zréck an de Match komm a konnt sech um Enn mat 3:2 (17:25, 18:25, 25:17, 25:19, 15:11) duerchsetzen.

Dammen

De Spëtzematch tëscht Mamer a Walfer konnt d'Lokalekipp 3:1(22:25, 25:21, 25:20, 29:27) gewannen, nodeems den den éischte Saz knapp un d'Gäscht gaange war. Mamer konnt dunn ausgläichen an och den nächste Saz fir sech entscheeden. Am véierte Saz louchen ëmmer nees béid Ekippen a Féierung, um Enn konnt Mamer och dee gewannen a sech domat iwwert eng Victoire freeën.

Esch huet an der eegener Hal eng iwwerzeegend Leeschtung gewisen a sech souverän mat 3:0 (25:18, 25:16, 25:20) géint Bartreng duerchgesat.

An och Péiteng hat doheem wéineg Problemer mat Iechternach, soudass et um Enn 3:0 (25:14, 25:22, 25:16) geheescht huet.