Yonas Kinde a Vera Bertemes-Hoffmann Championen am Cross Country
D'national Meeschterschaft gouf e bëssen ongewinnt schonn Enn November organiséiert amplaz am Fréijoer.
Mat 36 Leefer war de Cross gutt besat, mee et war kee Kraut géint de Yonas Kinde gewuess. De Leefer vum Celtic huet d'Course dominéiert, obwuel hie keng Spikes u senge Lafschong hat. De Gilles Weicherding war deen eenzegen, dee kuerz mat sengem Teamkolleeg mathale konnt, mee huet duerno mussen ofräisse loossen. De Yonas Kinde huet d'Course souverän gewonnen, virum Gilles Weicherding a sengem Brudder Charel. Domat war de komplette Podium fir d'Ekipp vum Organisateur.
Bei den Dammen ass d'Vera Bertemes-Hoffmann eng souverän Course gelaf an huet der Anny Wolter an all Tour Zäit ofgeholl. Um Enn konnt de Celtic och bei den Dammen d'Victoire feieren. D'Anny Wolter an d'Sandra Lieners beleeën d'Plazen 2 an 3.
Bei den U20 ware vill Triathleeten um Depart. D'Victoire war fir den David Lang virum Pol Stoffel an dem Theo Marti.
D'Organisateuren hate sech eppes iwwerluecht: Déi éischt 500 Leit, déi an der Keess passéiert waren, kruten e Gratisbilljee fir de groussen internationale Meeting vun der Liichtathletik am Februar.