Reitsport
Spär vum Charlotte Bettendorf bis Mäerz 2026 confirméiert

An engem Communiqué vun der Lëtzebuerger Anti-Doping-Agence e Méindeg gouf d'Spär vun 18 Méint confirméiert.
Zanter Enn September ass d'Charlotte Bettendorf duerch eng Decisioun vum Conseil de Discipline contre le Dopage fir de Reitsport gespaart. E Méindeg gouf dës Spär elo offiziell vum ALAD (Agence Luxembourgeoise Antidopage) confirméiert. D'Sprangreiderin huet wärend engem Joer Feeler beim Ausfëlle vum sougenannten ADAMS-System vun der Welt-Anti-Dopping-Agence gemaach. An deem System mussen d'Sportler uginn, wou si zu enger gewëssener Zäit sinn. Wann ee Sportler 3 Verfeelunge bannent engem Joer huet, gëtt et, wéi an dësem Fall vum Charlotte Bettendorf, eng Spär.
Am meeschte gelies