Marco Stacchiotti kandidéiert net méi, Claude Waltzing stellt Kandidatur

De Marco Stacchiotti kandidéiert net méi als President fir déi Lëtzebuerger Schwammfederatioun, dat huet hien eis confirméiert.
De Papp vum fréiere Schwëmmer Raphaël Stacchiotti war elo déi lescht 10 Joer un der Spëtzt vun der FLNS.
Um leschte Kongress den 9. November konnt de Marco Stacchiotti awer net als President erëmgewielt ginn, well de Presidentschaftskandidat mat enger Ekipp muss untrieden. Kuerz virun der Assemblée war ee sech dunn am Verwaltungsrot vun der Schwammfederatioun awer net méi iwwerall eens, esou datt et op deem Kongress keng Ekipp gouf, an de Statute vun der FLNS no dunn eeben och kee President konnt gewielt ginn. De Marco Stacchiotti mécht elo méi jonke Leit Plaz.
Op der ausseruerdentlecher Generalversammlung e Samschdeg zu Déifferdeng kandidéiert de Claude Waltzing da fir de Presidenteposten an trëtt mat enger Ekipp un. An där Ekipp sinn och zwee Leit vum Ettelbrécker Schwammclub, dem Club vum President-sortant Marco Stacchiotti. De Claude Waltzing ass Vizepresident a war elo dat lescht halleft Joer, no der Demissioun vun der Christiane Meynen, och Generalsekretär faisant fonction vun der Federatioun.
De Marco Stacchiotti bleift awer nach am Organisatiounscomité vum Euro Meet, dem Internationale Schwamm-Meeting an der Coque.