Giro d'Italia: 14. EtappJonas Vingegaard dominéiert an den Alpen an iwwerhëlt Rosa

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet de Jonas Vingegaard beim Giro d'Italia op eng impressionnant Aart a Weis de Rosa Trikot iwwerholl.
© LUCA BETTINI/AFP

De Jonas Vingegaard vum Team Visma Lease a Bike huet sech an der Schlussmontée vun der 14. Etapp vun Aosta op Pila an den Alpen ronn 4,5 Kilometer virun der Arrivée ofgesat an d'Konkurrenz ëm den ale Leader Afonso Eulalio stoe gelooss. Mat senger drëtter Dagesvictoire huet hien och de Rosa Trikot iwwerholl.

Den Dän hat op der Arrivée eng Avance vun 49 Sekonnen op de Felix Gall aus Éisträich an 58 Sekonnen op den Australier Jai Hindley.

De Vingegaard geet elo mat enger optimaler Ausgangspositioun an enger Avance vun iwwer zwou Minutten an déi lescht Woch vum Giro d'Italia. Den Dän läit zwou Minutten a 26 Sekonne virum Afonso Eulalio. Drëtten ass de Felix Gall op zwou Minutten a 50 Sekonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 3:53:01
2 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 0:49
3 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 0:58
4 Piganzoli Davide Team Visma | Lease a Bike 1:03
5 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
6 Arensman Thymen Netcompany INEOS 1:23
7 Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 1:35
8 Poels Wout Unibet Rose Rockets 2:08
9 Hirt Jan NSN Cycling Team ,,
10 Bernal Egan Netcompany INEOS ,,

De General

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 56:08:41
2 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 2:26
3 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 2:50
4 Arensman Thymen Netcompany INEOS 3:03
5 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:43
6 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4:22
7 Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 4:46
8 O'Connor Ben Team Jayco AlUla 5:22
9 Gee-West Derek Lidl - Trek 5:41
10 Piganzoli Davide Team Visma | Lease a Bike 6:13

Back to Top
CIM LOGO