
Virun iwwer 3.000 Spectateuren huet sech den Opsteiger Biissen de Championstitel an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball geséchert. Um leschte Spilldag huet een am decisive Match géint Déifferdeng mat 1:0 gewonnen.
Domadder ass et dem Opsteiger gelongen, fir den impressionante Parcours aus der éischter Divisioun, iwwer d'Éierepromotioun an d'BGL Ligue mam Titel ze kréinen.
Biissen ass och deen éischte Champion iwwerhaapt aus dem Norde vum Land.

Et huet e bësse gedauert bis de Match tëscht Biissen an Déifferdeng lancéiert war. Béid Ekippen hu sech schwéier gedoen, fir sech ganz geféierlech Chancen erauszespillen. An der éischter Hallschent gouf et déi geféierlechst Chance op béide Säiten no enger gudder hallwer Stonn. Den Déifferdenger Abreu hat de Ball an de Strofraum bruecht, ma do huet fir d'éischt een Déifferdenger verpasst an de Schoss vum Franzoni konnt de Gourari am Biisser Gol paréieren. D'Lokalekipp huet duerno séier ëmgeschalt an den Abu Ramzi ass mam ronne Lieder eleng a Richtung Déifferdenger Gol gelaf. De Ventura konnt de Schoss awer paréieren. Mam 0:0 ass et an d'Paus gaangen.
An den zweete 45 Minutten huet sech Biissen eppes missen afale loossen, well e Remis wier Déifferdeng fir den Titel duergaangen. An der 54. ass dat dann och geschitt. No engem Corner ass den Defenseur Marasi am héchste gesprongen an huet dem Ventura mat sengem Kappball aus 6 Meter keng Chance gelooss. Domadder stoung et 1:0 fir Biissen. Den Opsteiger stoung duerno kompakt an huet de Gäscht net vill Plaz gelooss. Déifferdeng huet verzweiwelt probéiert, fir e Gol ze schéissen. Um Enn ass et beim 1:0 fir Biissen bliwwen an domadder konnt d'Lokalekipp feieren.
Duerch de Championstitel spillt Biissen d'nächst Saison d'Champions-League-Qualifikatioun. Déifferdeng trëtt an der Conference-League-Qualifikatioun un an am direkten Duell ëm déi drëtt europäesch Plaz hu sech Munneref a Stroossen 0:0 getrennt. Domadder séchert sech Munneref déi drëtte Plaz an der Tabell an ass europäesch.
Stroossen dierf nach d'Hoffnung hunn, fir d'nächst Saison awer nach europäesch ze spillen. Sollt Déifferdeng géint Rouspert d'Coupe gewannen, da wier och déi véiert Plaz am Championnat europäesch.
Um Wupp vun der Tabell huet sech och eréischt um lescht Spilldag decidéiert, wien d'nächst Saison eng Etage méi déif spillt a wien duerch de Barrage nach hoffen dierf. Direkt ofsteige musse Rodange a Péiteng. Um 30. Spilldag huet Rodange beim Racing mat 1:6 de Kierze gezunn a Péiteng huet géint Hesper 2:3 verluer.
Fir Hesper sinn dat dräi ganz wichteg Punkten. De Swift konnt sech domadder nämlech nach retten. An de Barrage musse Mamer a Kanech, déi en 0:0 gedeelt hunn.