Aarm trotz AarbechtAss de Mindestloun ze niddereg oder sinn d'Loyeren ze héich?

Monica Camposeo
Vill Leit am Land musse mam Mindestloun iwwer d'Ronne kommen. E grousse Problem, dee sech stellt, ass de Logement.
Mindestloun vs Logement: Wei lieft et sech mat niddrege Paien am Land
An engem Office sociale hu mir dräi Famillje begéint, déi mam Mindestloun zu Lëtzebuerg iwwerliewe mussen.

Ëmmer méi Leit, déi den onqualifizéierte Mindestloun verdéngen, musse sech un den Office Social wenden. Wat huet sech geännert fir d’Mindestlounempfänger? Ass hire Salaire ze niddereg oder sinn d'Loyeren ze héich? D'Monica Camposeo huet Famillje getraff, déi knapps iwwer d'Ronne kommen. Elengerzéiend Mammen a Pappen, déi Vollzäit schaffe ginn. Elteren, déi fir hir Kanner e bessert Liewe wëllen a Jonker, déi iwwerleeë schaffen ze goen, fir d'Famill ze ënnerstëtzen.
 
Dass hire Jong vu 16 Joer mat der Schoul ophält oder niewebäi schaffe geet, kënnt fir d'Simona Sarbescu net a Fro. "Dat ass net säin Job." Mä natierlech kritt de jonke Mann alles mat, och wann hien ëmmer géing behaapten, et géing him gutt goen, seet seng Mamm mat Tréinen an den Aen. Zanter 4 Joer schafft si Vollzäit an engem Supermarché um Kierchbierg. Virdrunner huet si zwee Joer als Botzfra geschafft, einfach fir en Job ze fannen, seet si, well et wärend der Pandemie näischt aneres gouf.

Finanziell enk war et schonn ëmmer, mä et ass gaangen, "ech kréien dat hin". D'Wunneng, an där d'Simona Sarbescu mat hirem Kand wunnt, huet si mat hirem Ex-Frënd gelount. Zanter der Trennung bezilt si de Loyer am Garer Quartier awer scho méintelaang eleng, ni ze spéit, verséchert si. D'Proprietärin huet awer Eegebedarf ugemellt. Déi elengerzéiend Mamm muss d'Wunneng verloossen. An do fänkt de Problem un: Si fënnt näischt. Zanter Méint ass si op der Sich no enger Wunneng an dat ouni Erfolleg. Agencen hänken hir den Telefon an, soubal si seet, dass si elengerzéiend ass. Privat Proprietäre fannen ëmmer een, dee besser verdéngt, oder nach besser – eng Koppel, déi zu zwee bezuele kann. Si géing souguer en zweeten Job maachen, fir de Loyer kënnen ze bezuelen, seet d'Mamm, "mee kee Proprietär gëtt mir eng Chance."

Fir vill Leit sinn d'Logementspräisser am Land e grousse Problem.
Fir vill Leit sinn d'Logementspräisser am Land e grousse Problem.
© Monica Camposeo

An domadder ass si net eleng. D'Statistike vum Stater Office Social weisen, dass besonnesch elengerzéiend Elteren an d'Struewele kommen, esou d'Sofia André, sozial Coordinatrice vum Stater Office Social. Vill Proprietären an Immobilienagencen hätte léiwer zwou Persounen, déi bezuelen, am Fall datt eng net méi schaffe kéint. Och Kanner wieren dacks net wëllkomm, weess si aus hirer Erfarung.
 
Well et vill Konkurrenz um Locatiounsmarché gëtt, gëllt et och ëmmer méi Krittären z'erfëllen. Krittären, un déi besonnesch elengerzéiend Elteren einfach net erukommen.
 
D'Silvia Fernandes ass zanter 14 Joer Assistente Sociale. Si begleet d'Simona Sarbescu a kennt déi allgemeng Evolutioun aus de leschte Joren: "Bei verschidde Famillje kann de Loyer d'Hallschent vum Salaire ausmaachen. A wann da Klengegkeeten derbäi kommen, wéi eng Wäschmaschinn, déi futti geet, do komme se wierklech a méi schwiereg finanziell Situatiounen, well esou Ausgaben net geplangt sinn." Dobäi kënnt déi drastesch Hausse vun de Loyeren, zanter dass d'Simona Sarbescu viru 6 Joer op Lëtzebuerg komm ass. Den onqualifizéierte Mindestloun läit aktuell bei 2.703,74 Euro brutto pro Mount. Domadder bleiwen hir ëm 2.500 Euro netto. Eng Wunneng mat enger Schlofkummer, esou wéi déi kleng Famill se elo huet, huet 2020 an der Moyenne nach ëm 1.200 Euro bis 1.500 Euro kascht, 1.400 Euro bezilt déi elengerzéiend Mamm aktuell. Haut fënnt si fir dee Präis éischter miwweléiert Zëmmer an enger Colocatioun. Mat hirem Jong vu 16 Joer kënnt dat fir si awer net a Fro. Dofir huet si Kontakt mam Office Social opgeholl.
 
Fir de José Cordero Garcia an seng Duechter Gabrieli ass dat awer d’Realitéit. Si schlofen an engem Héichbett, hatt uewen, hien ënnen. D’Hausaufgabe mécht d’Gabrieli op eppes, dat ausgesäit wéi en Hocker. D’Kichen an d’Buedzëmmer deele si sech mat anere Leit. Et wier kleng an hatt kéint schlecht schlofen, erzielt d’Meedche vu 14 Joer. Zanter 10 Joer ass de José Cordero Garcia zu Lëtzebuerg. Hien huet ëmmer geschafft, virun allem an der Restauratioun an an der Constructioun. Hie verdéngt den onqualifizéierte Mindestloun. Et war alles gutt, seet hien, bis hien elengerzéiend ginn ass. Dat miwweléiert Zëmmer krute si vun enger Bekannte vermëttelt. Et sollt eng Iwwergangsléisung sinn. Ma och no engem Joer hu si keng Alternativ fonnt. Dofir huet hien elo fir d’éischte Kéier den Office Social ëm Hëllef gefrot.

"Eis sinn d'Hänn gebonnen"

Fir vill Leit sinn d'Logementspräisser am Land e grousse Problem.
Fir vill Leit sinn d'Logementspräisser am Land e grousse Problem.
© Monica Camposeo

"Mir maachen d'Umeldunge fir d'Leit, mir setzen d'Leit op Waardelëschte fir d'sozial Wunnengen. Mä de soziale Maart, deen ass jo ebe blockéiert. Dat muss nach gebaut ginn. An deen Ament kënne verschidde Leit jorelaang op Waardelëschte bleiwen", seet d'Silvia Fernandes. "Si komme mat enger grousser Erwaardung, a leider musse mir hinne soen, mir hu keng richteg Léisungen", gëtt och d’Sofia André ze bedenken. "Eis sinn d’Hänn gebonnen."
 
Esou ass et och beim Mamadou Diallo a senger Famill. Zanter 4 Joer si si op der Waardelëscht. Nach wunnen d'Eltere mat hire Kanner vun zwee a siwe Joer an engem miwweléierten Zëmmer. Et wier awer scho besser wéi am Ufank, seet de Papp vu geschwënn dräi Kanner. Ëmmerhi wier elo an deem Zëmmer och eng kleng Kichen. An d'Famill huet eng eegen Toilette.
 
D'Office Socialle vun de Gemengen hëllefen och méi allgemeng fir finanziell Aiden unzefroen oder no Léisungen ze sichen. Mä den Haaptproblem ass a bleift: de Logement. Dee Constat zitt de Jean-Michel Campanella ouni ze zécken. Hien ass Vize-President vun der Anasig, der Associatioun vun den Assistants sociaux. Um private Locatiounsmaart géing an de meeschte Fäll just de Paiziedel gekuckt ginn, an eben net déi zousätzlech Aiden. Dacks bleift deenen, déi schonn net vill hunn, da just nach d'Optioun vun engem miwweléierten Zëmmer. Op ënnerschiddlechen Internetsitte fënnt een entspriechend Annoncen. Zum Deel ginn an der Stad an engem Eefamilljenhaus bis zu aacht Zëmmer fir all Kéiers ëm 1.000 Euro verlount. Verschidden Acteure géinge vun der Nout vun de Leit profitéieren, stellt de Jean-Michel Campanella fest. D'Anasig fuerdert dowéinst méi konkret Reglementatiounen, besonnesch wat d'Salubritéit ugeet. Hannert verschidde Fassade géinge sech dramatesch Realitéiten ofspillen. Leit, déi an enger besonnesch prekärer Situatioun sinn, géinge sech dann net trauen, Problemer ze mellen, well si soss guer keen Daach iwwert dem Kapp hätten, esou nach de Vize-President vun der Anasig. Och als Gemeng oder Sozialaarbechter wéisst een dacks net, wat maachen, well et u soziale Wunnengen oder ganz allgemeng un Alternative feelt. Virun allem wat d'Noutfalllogementer ugeet, missten d'Gemenge méi an d'Responsabilitéit geholl ginn.

"Ech wënsche mir fir meng Kanner e bessert Liewen."

Fir vill Leit sinn d'Logementspräisser am Land e grousse Problem.
Fir vill Leit sinn d'Logementspräisser am Land e grousse Problem.
© Monica Camposeo

Fir déi dräi Familljen, déi mir getraff hunn, gëtt et also keng direkt Wonnerléisung. Géing d'Eropsetze vum Mindestloun dann hëllefen? "Ech fannen net, dass ech wéineg verdéngen", äntwert de Mamadou Diallo op déi Fro. Och déi aner concernéiert Leit soten, dass si hire Salaire ganz an der Rei fannen. Just wann et dorëms geet, eng Wunneng ze fannen, da géing et net opgoen. Net onbedéngt, well si et sech net kéinte leeschten, zum Beispill duerch méi Spueren, mä well si wéinst der héijer Konkurrenz an dem dereguléierte Marché emol keng Chance kréichen.

Seng Fra hätt schonn doriwwer nogeduecht, Lëtzebuerg erëm ze verloossen, esou de Mamadou Diallo. De Papp vu geschwënn dräi Kanner wollt dat bis elo awer nach net. Ëmmerhin, seet hien, huet hien hei jo eng Aarbecht. Mä fir seng Kanner wënscht hie sech e bessert Liewen zu Lëtzebuerg, "net esou wéi mäint". An doranner hunn him déi aner Mindestlounempfänger zougestëmmt: Déi finanziell Schwieregkeeten huelen d'Elteren a Kaf, fir dass hir Kanner hei am Land kënnen an d'Schoul goen. 


D'Reportagen, fir nozelauschteren

Mir hunn en elengerzéiende Papp mat senger Duechter vu 14 Joer begéint, déi an engem miwwléierten Zëmmer liewen

Verdéngt ee mam Mindestloun ze wéineg hei am Land oder sinn d'Logementspräisser ze héich? Mir hunn nogefuerscht.

Back to Top
CIM LOGO