Futtball-Championnat: ÉierepromotiounRëmeleng an Ettelbréck steigen op

RTL Lëtzebuerg
Net nëmmen an der BGL Ligue war et um leschte Spilldag nach spannend. Och an der Éierepromotioun sinn nach Decisioune gefall.
© MATTHIEU MIRVILLE/DPPI via AFP

Rëmeleng konnt sech um leschte Spilldag an der Éierepromotioun duerch eng 4:2-Victoire beim FC Koeppchen déi éischt Plaz an der Tabell sécheren a spillt domadder déi nächst Saison an der BGL Ligue. Zeréck an der Nationaldivisioun ass och d'Etzella, dat trotz enger 1:3-Néierlag géint Feelen.

Wolz a Walfer spillen de Barrage an dierfen och nach op den Opstig hoffen. Wolz huet duerch d'1:2-Néierlag géint den FC Luxembourg City nach déi direkt Opstigsplaz um leschte Spilldag verluer. Walfer konnt sech duerch den 1:0 géint Beetebuerg déi zweet Barrageplaz sécheren. Beetebuerg bleift doduerch als Tabellefënneften an der Éierepromotioun.

Ënnen an der Tabell spille Luerenzweiler a Koeppchen de Barrage a Schëffleng a Steesel sinn ofgestigen.


D'Resultater am Iwwerbléck

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO