Ugangs der Woch gouf op der Kockelscheier keen übleche Match am Äishockey gespillt. Ugetrueden ass nämlech déi éischt Dammenekipp am Land, d'Tornado Women.

Dat géint déi 3. Härenekipp vun de Beaufort Knights.

Zeréckgehalen huet sech d'Dammenekipp vum Stater Club Tornado Lëtzebuerg net. Vun Ufank u war et géint d’Beaufort Knights een haarden a spannende Match an awer ass et net einfach, als Dammenekipp géint d'Hären ze spillen. Dat huet nom Match och d'Kapitänin Kera Meyer esou gesinn, déi trotzdeem e positive Fazit zéie konnt.

"Et ass scho flott. Ech weess elo net, wéi et ass fir d'Hären, mee fir eis ass et natierlech ee Push. Et ass einfach eng aner Intensitéit, Männer hu kierperlech de Virdeel, mee dat steigert eis an et gëtt eis ee Push, fir nach méi op d'Been ze drécken. Nëmme sou kënne mir méi staark ginn."
 
Et sollt dës Kéier net ganz duergoen, fir eppes Zielbares mat heem ze huelen, um Enn stoung et 3:1 fir d'Beefort Knights. An awer konnt een aus der Siicht vun den Tornado Women houfreg op d'Leeschtung sinn. Ëmmerhin hat ee souguer ee Gol geschoss an net ze vill Chancë fir de Géigner zougelooss. Et ass een an enger Entwécklung an et weess een, vu wou ee kënnt.

"Vun Ufank u bis elo hu si immens Fortschrëtter gemaach, virun allem hiert Schlittschongfueren a Schéissen ass besser ginn. Elo muss een natierlech géint déi staark Männer ukommen, wat se net schlecht maachen an et gëtt ëmmer besser. Dat éischt Joer, wou se gespillt hu géint d'Männer, hu se extrem héich verluer a si schloe sech elo wierklech gutt", seet d'Diana Wagner, Teammanagerin vun den Tornado Women.

Mee och d’Entwécklung vum Dammen-Äishockey insgesamt am Land ass um richtege Wee an et probéiert een eppes opzebauen.

"Déi Beeforter hunn elo och eng Meederchersekipp an déi sinn nach ganz jonk an iergendwann an e puer Joer wäerte mir dann awer gesinn, datt Tornado mol géint Beefort spille ka bei den Dammen. Wann ee gesäit, wat si an de leschte Jore fir Progrèse gemaach hunn. Lues a lues komme se op d'Been a si gi richteg gutt."

Et brauch also alles seng Zäit an et dierf ee gespaant sinn, ob an Zukunft méi Damme sech fir dëse Sport begeeschtere kënnen an esou och méi Clibb am Grand-Duché eng Dammen-Äishockey-Ekipp op d'Bee stëlle wäerten.