Am Stade de Luxembourg kruten d'Spectateuren een interessante Match ze gesinn, bei deem Lëtzebuerg mat der leschter Aktioun nach op 31:31 ausgläiche konnt.

E Samschdeg stoung fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp am Rugby bei der Europe Trophy d'Partie géint Kroatien um Programm. Géint eng immens physesch kroatesch Ekipp hunn d'Rout Léiwe bewisen, datt si op engem héijen Niveau matspille kënnen. Virun 800 Spectateuren hu si am Stade de Luxembourg um Enn nach een 31:31-Remis gerett.

De Resumé vum Match Lëtzebuerg géint Kroatien
Am Stade de Luxembourg huet sech d'Lëtzebuerger Nationalekipp am Rugby nach mat der leschter Aktioun vum Match een 31:31-Remis erkämpft

No engem gudde Start an de Match louch Lëtzebuerg an der Hallschent mat 21:19 a Féierung, déi d'Kroaten duerno duerch eng staark Phas iwwerhuele konnt. Eng Victoire huet fir de Gaascht deemno ëmmer méi warscheinlech ausgesinn. D'Lëtzebuerger Ekipp huet allerdéngs net opginn a sech no an no zréck geschafft. E puer Mol war d'Defense op der eegener Linn gefrot.

Mat der leschter Aktioun vum Match huet de Fintan Lawlor dann ee Cross-Kick op den John Fitzpatrick gespillt, deen ënnert de Pottoe fir den Ausgläich suerge konnt. Trotz dem spéit erkämpfte Punkt gëtt et fir den Tabelleleschte Lëtzebuerg schwéier, sech an der Divisioun halen ze kënnen. An de leschten dräi Matcher geet et mat Schweden, Polen an Tschechien nach géint déi dräi iewescht Ekippen aus der Tabell.