Den Eiffeltuerm op der Affiche vun der Paralympic Night weist drop hin, dass d'Olympesch Spiller vu Paräis am Mëttelpunkt stoungen.

D'Participatioun vum Katrin Kohl an dem Tom Habscheid seng Bronzemedail op de Paralympics zu Paräis hunn dem Behënnertesport eng nei Vitrinn ginn. De Sascha Lang, dee blann ass, ass en Expert a Saachen Inclusioun a suivéiert d'Evolutioun vu ganz no.
 
D'Zuel vun den Athleten, déi un internationale Kompetitiounen deelgeholl hunn, ass geklommen. Dem Liz Conzemius säi Weltmeeschtertitel fir Leit, déi net méi gutt gesinn, stécht ervir. De Congé sportif ass eng gutt Stäip, et besteet awer nach e Besoin un ugepassten Infrastrukturen an un Traineren. Och an der Entwécklung vum Fräizäitsport gouf e Sprong no vir gemaach. D'Offer wiisst an de Projet "50 plus 1" gouf an d'Liewe geruff. Traineren an de Sportsveräiner z'informéieren, ze sensibiliséieren an hinnen d'Ängschte vis-à-vis vun der Behënnerung ze huelen, ass een Aspekt dovun.
 
Iwwer d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte kréien d'Sportsveräiner, déi op de Wee vun der Inclusioun ginn, Ënnerstëtzung. Et war e gutt rhythméierten Owend, zesumme mat interessante Mënschen. Virbildlech, fir et an engem Wuert ze resuméieren.