Fiels mat däitlecher Victoire géint Munneref

© Christophe Hochard / RTL
Um Freideg war den Optakt vum 15. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.
D'Arantia Fiels gëtt senger Favoritteroll auswäerts gerecht a setzt sech mat 95:70 géint Munneref duerch. D'Gäscht aus der Fiels hunn de Match vun der éischter Minutt un dominéiert. 54 Punkten, dorënner 9 Dräier, huet d'Fiels an der éischter Hallschecht gehäit an domat fir eng Virentscheedung gesuergt.
Den Arantia-Trainer Abramavicius huet fréi a vill rotéiert an och deene jonke Spiller bei dëser Victoire vill Spillzäit ginn. Um Enn konnte sech all 11 Fielsser Spiller an d'Scorerlëscht androen, den Amerikaner Kiandre Gaddy hat mat 22 Punkten déi meeschten um perséinleche Kont stoen.