Um Samschdeg war an der Enovos League bei den Dammen den Optakt vum 14. Spilldag.

Dammen

Déi 14. Victoire noenee gouf et fir de Champion Gréngewald Hueschtert. D'Gäscht setze sech géint d'Musel Pikes kloer mat 98:60 duerch. Mat 27 Punkten, 19 Rebounds a 14 Assists huet d'Alexus Johnson e weideren "Triple double" realiséiert, d'Amanda Cahill koum op 34 Punkte fir den ongeschloene Leader
.
Wichteg zwee Punkte gouf et fir den AB Conter bei der 83:69-Victoire géint d'Amicale Steesel. An der Tabell huet Conter elo 3 Punkte Virsprong op de Konkurrent an huet domat gutt Kaarten, fir nom zweete Tour vun der Qualifikatioun an d'Halleffinall anzezéien. Conter huet sech mat engem staarken zweete Véierel ofgesat a sech net méi afänke gelooss. D'Brooke Walling koum op 31 Punkten fir d'Lokalekipp.

Wolz iwwerrascht Diddeleng a setzt sech mat 77:72 géint de Vize-Champion duerch. Dobäi huet d'Lokalekipp de Minimum vu 5 Spillerinnen agesat, dorënner d'Spillertrainerin Zoritsa Mitov. D'Lashalya Wright-Ponder war mat 32 Punkten net ze stoppen.

Hären

D'Hären ware schonn e Freideg am Asaz.