Patrizia van der Weken mat éischter Victoire bei éischtem Optrëtt
Beim Regio-Meeting an der Coque si vun der Jugend bis bei d'Senioren divers Disziplinnen absolvéiert ginn.
D'Patrizia van der Weken ass am Dress vun hirem neie Sponsor iwwer 60 Meter déi séierst Zäit gelaf. D'Lëtzebuergerin huet 7,20 Sekonne gebraucht a war domat 0,36 Sekonne méi séier wéi déi Däitsch Judith Franzen. D'Camille Geng vum Celtic koum op déi drëtt Plaz.
An der B-Finall huet d'Anais Bauer gewonnen. An enger Zäit vun 8,02 war d'Leeferin vum CSL méi séier wéi d'Däitsch Nike Stahnke an d'Lëtzebuergerin Hannah Kramer vum Celtic.
Iwwer 60 Meter Hecken war d'Franséisin Shana Cubrilovic am séiersten an huet d'Däitsch Hannah Schwind an d'Dorothee Mengolo Mvotto vum CSL op d'Plaze verwisen.
An der Disziplin iwwer 400 Meter huet sech d'Däitsch Luise Pecht virun der Lëtzebuergerin Elise Romero an der Franséisin Emma Philippe duerchgesat. Fir d'Pecht an d'Romero waren 56,18 respektiv 57,74 hir perséinlech Beschtleeschtungen am Indoor.
Nodeem de Bob Bertemes seng Karriär op en Enn bruecht huet, sinn et elo aner Leit, déi sech am Bommstousse versichen däerfen. Beim Euro-Meeting de Lex Damit vum CAPA d'Bomm 12,68 Meter wäit geworf a koum domat op déi éischt Plaz. Hannert him hu sech de Steve Weiwert (11,48 m) an de Claude Godart (10,13 m) klasséiert. Fir de Weiwert war et seng perséinlech Beschtleeschtung.
Bei den Dammen huet déi Däitsch Katharina Schiele mat 13,59 Meter gewonnen. Bescht Lëtzebuergerin war d'Florence Rausch op der véierter Plaz mat 8,96 Meter.
Am Héichsprong huet d'Julie Craenen vum CSL mat 1,72 Meter hir perséinlech Beschtleeschtung gewisen a virun der Mia Bourscheid an der Hannah Schwind gewonnen.