Erfolleg fir d'Zrinka Ljutic am Slalom

© AFP
Am Schisprange waren d'Dammen zu Villach am Asaz.
Eng Woch no hirer Victoire zu Semmering huet d'Zrinka Ljutic och de Slalom zu Kranjska Gora gewonnen. Wéi e Samschdeg war d'Pist zimmlech äiseg a glat, mee déi 20 Joer al Kroatin koum am beschte mat dëse Konditiounen kloer. Si hat um Enn 0,16 Sekonne Virsprong op d'Schwäizerin Wendy Holdener an 1,19 Sekonnen op d'Schweedin Anna Swenn Larsson.
D'Schispréngerinnen haten hire Weltcup zu Villach. D'Katharina Schmid ass hei am wäitste gesprongen. D'Däitsch konnt sech mat zweemol 97 Meter virun der Sloweenin Nika Prevc (99,5 a 94 Meter) duerchsetzen. Um Enn hat d'Schmid e Virsprong vu just 4,5 Punkten. De Podium gouf vun der Éisträicherin Jacqueline Seifriedsberger (92 a 94 Meter) komplettéiert.