E Sonndeg war de leschte Spilldag vum 35. Novotel Cup an der Coque. D'Lëtzebuergerinne konnte mat 3:0 géint déi däitsch U18 gewannen.

D'Lëtzebuerger Damme schléissen den Novotel Cup mat der zweeter Victoire of. Géint d'U18 vun Däitschland konnte sech d'Rout Léiwinne kloer 3:0 duerchsetzen. D'Ekipp vum Nationaltrainer Fabio Aiuto huet déi éischt zwee Sätz dominéiert (25:15, 25:14), krut am drëtte Saz awer méi Géigewier vun den Däitschen. Van Elslande, Trantini & Co si laang engem Réckstand hannendru gelaf a konnten eréischt beim Stand vun 13:12 eng éischt Kéier a Féierung goen. Mat engem 9:0-Laf konnten d'Lëtzebuergerinnen de Grondstee fir d'Dräi-Saz-Victoire leeën, fir um Enn mat 25:18 ze gewannen.

Am éischte Match vum leschte Spilldag hate sech bei den Hären England an d'U19 vun Däitschland duelléiert. Um Enn steet zwar e kloren 3:0 fir d'Britten, mee d'Sätz waren alleguer ganz serréiert. England konnt sech ëmmer mat just zwee Punkte méi duerchsetzen (32:30, 27:25, 26:24).