27. Editioun vum Postlaf
Online-Aschreiwunge si bis den 21. Februar op

Schonn 2018 ass ee bei Postlaf iwwer d'Cloche d'Or gelaf.
D'Evenement, wat vun der Amicale POST Luxembourg organiséiert gëtt, ass e Sonndeg den 9. Mäerz 2025 op der Cloche d'Or.
Vun elo un an nach bis den 21. Februar inclus kann ee sech iwwer postlaf.lu aschreiwen. Vum 7. bis den 9. Mäerz ass dëst och op der Plaz selwer nach méiglech.
Jidderee vu 15 Joer u ka sech fir dëse Laf iwwer 10 Kilometer umellen. Donieft ginn nach zwee Parcourse vun 1.000 Meter respektiv 500 Meter fir Kanner tëscht 2010 an 2016 respektiv 2017 an 2020 ugebueden.
Am meeschte gelies