Futtball-Nationalspiller hale sech zu Lëtzebuerg fit
Eng Rei Futtball-Nationalspiller, déi am Ausland aktiv sinn, kommen dacks zeréck op Lëtzebuerg fir sech fit ze halen.
Dat ass de Fall, wann de Ball rout ass oder no enger Blessur. Wéi esou Seancen ausgesinn, dovun huet sech de Gilles Tricca e Bild gemaach.
Bruch, den 2. Januar moies um 10 Auer bei -2 Grad a Schnéi: Déi eng iwwerleeën nach iwwert déi gutt Virsätz fir 2025, anerer si scho sportlech ënnerwee. Zanter Joren ass de Claude Origer e gefrote Mann, wann et ëm d'Fitness vun den Nationalspiller geet. Net nëmme wann d'FLF-Selektioun beieneen ass fir d’Lännermatcher, mee och fir eenzel Spiller, déi sech wëlle fit halen oder vun enger Blessur zeréckkommen.
D'Spiller kréien natierlech vun hirem Veräin en Trainingsprogramm mat op de Wee. Dee kann de Claude Origer awer no Récksprooch mam Veräin adaptéieren an dat wëssen d'Spiller, mee och de Veräin ze schätzen.
D'Zesummenaarbecht mat anere Strukturen ass och ganz wichteg an hëlleft de Spiller an hirem Opbau a Suivi. Fir de Vincent Thill, dee jo laang blesséiert war, war et elo zum Beispill interessant, esou en Training am Grupp ze hunn, well den 18. Januar geet d'Championnat am Aserbaidschan nees un. Wann dann och nach mam Lucas Fox, fir deen et mat Bocholt eng Woch méi spéit lass geet, e richtege Golkipp mat derbäi ass, da mécht et nach méi Spaass, wann den Ofschloss op de Gol gesicht gëtt.
Den Dirk Carlson huet eng richteg laang Paus mat sengem Veräi Sankt Pölten. Vun Ufank Dezember bis Mëtt Februar rout de Ball nämlech an der 2. Liga an Éisträich. Datt am FLF-Staff d'Fitness ganz eescht geholl gëtt, war am Fall Leo Barreiro ze gesinn. Datt hien iwwerhaapt de leschte Match géint Nordirland konnt spillen, war och op déi wäertvoll Aarbecht hei zu Lëtzebuerg zeréckzeféieren.