No den Olympeschen an de Paralympesche Spiller zejoert, sinn dëst Joer zu Turin d'Special Olympics World Winter Games.

Och Lëtzebuerg ass op dëser Editioun vun de Wanterspiller vun de Special Olympics mat dobäi. Eelef Athleten aus dem Grand-Duché wäerten tëscht dem 8. an dem 16. Mäerz an dräi verschiddenen Disziplinnen un den Depart goen. E Sonndeg de Mëtteg um 14 Auer goufe si op enger Pressekonferenz virgestallt.

Am Schi-Alpin trieden d'Danièle Jankowoy, d'Caroline Schambourg, den Yves Logelin an de Marten Ottens un. Als Trainerin an Trainer ginn d'Kathinka Van Dam an de Jérôme Charpentier mat.

Am Schnéischunglaafe ginn d'Sophie Caron, d'Cathia Jacobs an den Dimitri (Dima) Sacré un den Depart. Den Trainersatff besteet hei aus der Monique Lexis an dem Frenz Majchrzack.

Am Schilaanglaf gëtt Lëtzebuerg duerch d'Nora Urbing, d'Tammy Zolver, de Sven Didier an de Pit Frank vertrueden. Gecoacht ginn d'Athlete vun der Hélène Nadeau an dem Patrich Schambourg.

De Betreierstaff vum Lëtzebuerger Team besteet aus dem Nationaldirekter vu Special Olympics Lëtzebuerg Luc Klonski, dem President vu Special Olympics Luxembourg Roberto Traversini, der Patricia Theisen als Doktesch an dem Raphael Peffer als Kiné.

D'Special Olympics sinn déi gréisst Sportbeweegung fir Leit, déi geeschteg oder méifach beanträchtegt sinn. Un de Wanterspiller zu Turin huele méi ewéi 1.500 Athleten an Athletinnen aus iwwer 100 Länner Deel.