Diddeleng wënnt knapp zu Walfer, Mamer iwwerrascht Esch

© Christophe Hochard
Um Samschdeg war d'Suite vum 16. Spilldag an der Enovos League bei den Hären, bei den Damme war et d'Suite vum éischte Spilldag vum zweeten Tour vun der Qu
Hären
En enke Match huet den T71 Diddeleng auswäerts zu Walfer gewonn, béid Ekippe ware virun dësem Match punktgläich. Nodeems sech keng Ekipp ofsetze konnt, ass et an der Schlussphas hektesch ginn. D'Lokalekipp hat eng leschte Chance fir de Match auszegläichen, verléiert allerdéngs de Ball am Opbau. Diddeleng setzt sech mat 86:81 duerch, woubäi 3 Spiller (Joe Kalmes, Edward Colbert, Brandon Randolph) jeeweils 19 Punkte markéiert hunn.
De Champion Amicale Steesel wënnt 91:70 an der Fiels. D'Lokalekipp hat mat Foul-Probleemer ze kämpfen an huet doduerch säi Rhythmus no der Paus net méi fonnt. Steesel huet den drëtte Véierel mat engem 12:0 Laf ofgeschloss an domat fir d'Virentscheedung gesuergt. D'Profispiller Elyjah Goss a Jarvis Williams hunn allebéid 25 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

© Shari Schenten
Hiefenech huet an der Wanterpaus mam Londell King Jr en neie Profispiller verpflicht. Hien hat mat 35 Punkten a 24 Rebounds e gudden Optakt beim Opsteiger, deen sech mat 91:75 géint d'Musel Pikes duerchsetzt. D'Gäscht vun der Musel hunn och den zweete Match vum Joer 2025 mat just engem Profispiller agéiert.
Mambra Mamer suergt fir eng Iwwerraschung a setzt sech auswäerts mat 84:78 géint de Basket Esch duerch. Spiller vum Match war den Domenick Sleva mat 26 Punkten an 22 Rebounds.
Um Freideg hat sech de Leader Etzella Ettelbréck spektakulär per Buzzer Beater zu Bartreng duerchgesat an den AB Conter huet eng souverän Victoire zu Munneref gefeiert.
Dammen
De Champion Gréngewald Hueschtert bleift ongeschloen, dat no enger Victoire géint d'Amicale Steesel. D'Lokalekipp huet sech schnell ofgesat a louch no 10 Minutte 26:12 a Féierung. Steesel huet no der Paus besser an de Match fonnt an dofir gesuergt, dass et zum Schluss nach emol spannend ginn ass. Um Enn setzt sech de Champion mat 77:72 duerch, dat op en Neits duerch eng staark Leeschtung vum Alexus Johnson, si koum op 22 Punkten, 20 Rebounds an 13 Assists. Als Tabellefënneften steet d'Amicale déi nächst Wochen ënner Drock fir eng Plaz an der Halleffinall ze beleeën.
Den T71 Diddeleng hat géint d'Musel Pikes e schwaache Start, an der Paus stoung et 32:32 gläich. Am drëtte Véierel huet d'Lokalekipp de Géigner mat 32:4 iwwerrannt a wënnt um Enn 85:53. D'Lauren VanKleunen konnt mat 25 Punkten iwwerzeegen.
Eng däitlech Victoire gouf et och fir den AB Conter, d'Lokalekipp léisst dem Basket Esch beim 90:54 keng Chance. D'Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj huet 26 Punkte markéiert, dorënner 6 Dräier.
Um Freideg hat sech d'Sparta Bartreng kloer géint Wolz duerchgesat.