"Sorry, ech sinn hei, fir ze bleiwen" huet den Haaland als Message un d'Verdeedeger vun der Konkurrenz no dëser Verlängerung geriicht.

Den Erling Haaland krut lo bei Manchester City en XXL-Kontrakt. De Stiermer aus Norwegen huet säi Vertrag beim englesche Champion fréizäiteg ëm 10 Joer bis 2034 verlängert. De 24 Joer alen Haaland sot an enger éischter Reaktioun un d‘Konkurrenz: "Sorry, ech sinn hei, fir ze bleiwen."

Et soll ee vun de lukratiivste Kontrakter an der Sportgeschicht sinn. Den Norweger war virun dräi Joer fir 60 Milliounen Euro vun Borussia Dortmund op d‘Insel gewiesselt. U sech hat den Erling Haaland bei City nach e Kontrakt bis 2027. Bis elo huet hien ënnert anerem schonn zwee Mol de Championstitel mat de "Sky blues" an 2023 d‘Champions League gewonnen.