Vun e Sonndeg bis e Sonndeg drop ass am nationalen Tenniszenter déi éischte Editioun vun de Luxembourg Open.

Bei den Häre geet et aus Lëtzebuerger Siicht virun allem ëm d'Preparatioun fir déi wichteg Renconter am Davis Cup Ufank Februar am Gymnase vun der Coque géint Litauen. Dozou de Gilles Muller, Kapitän vun der Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp:
 
"Jo, natierlech ass dat cool, dass mer kënnen déi ganz Preparatioun heiheem maachen. Ech mengen, iwwert déi lescht Jore ware mer net verwinnt mat der Auslousung an ëmmer wäit reesen, soudass mer dann och ëmmer d'Preparatioun hu missen adaptéieren. An dës Kéier kënne mer effektiv, voilà, ganz relax heiheem bleiwen. Si kënne Matcher spillen op héijem Niveau, mussen net wäit reesen, kënne virun eegenem Public spillen. An natierlech ass dat ideal fir eng Preparatioun. Vun do hier, jo, e grousse Merci un d'Federatioun, dass si dat esou organiséiert hunn. An jo, hoffe mer, dass mer eng gutt Preparatiounswoch hei zu Esch hunn an dann duerno och den Davis Cup rocken."
 
Chris Rodesch, Alex Knaff a Co. spillen den 1. an 2. Februar am Gymnase vun der Coque am Davis Cup géint Litauen ëm den Opstig an de Weltgrupp 1, den héchste Niveau am internationalen Ekippen-Tennis.