De Franjo von Allmen huet den Top-Favoritte keng Chance gelooss.

Drëtte Super G am Schi Alpin, drëtte Gewënner - E Freideg huet de Schwäizer Franjo von Allmen de Super-G-Weltcup zu Wengen an der Schwäiz gewonnen. Hien huet sech virum Éisträicher Vincent Kriechmayr (+0,10 Sekonnen) an deem anere Schwäizer Stefan Rogetin (+0,58 Sekonnen) behaapt.

Vun den Top-Favoritten hat keen eng Chance op d'Victoire. Beispillsweis hat de Gewënner vum Gesamtweltcup Marco Odermatt als 7. e Retard vun 1,04 Sekonnen.

Um Samschdeg ass op der selwechter Plaz déi traditionell Lauberhorn-Descente.

Am Biathlon gouf et e Freideg zu Ruhpolding an Däitschland ee Succès an der Staffel fir déi favoriséiert franséisch Hären. D'Plazen zwee an dräi ware fir Schweden (+38 Sekonnen) an Däitschland (+58 Sekonnen).